Antwerpen
Schabloun:Infobox Uertschaft Belsch nei
Antwerpen, Anvers op Franséisch, ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Antwerpen. Opgrond vu senge ronn 526 000 Awunner, ass Antwerpen, no Bréissel (wann een d'Regioun kuckt), déi zweetgréisst Stad an der Belsch an déi gréisst a Flandern.
Geschicht
Et gëtt behaapt, den Numm Antwerpen kéim vum Flämeschen "hand werpen", wat bedeit d'"Hand werfen". No enger Seeche soll de Brabo dem Ris Antigoon, deen d'Schëffsleit terroriséiert a vun hinnen Taxen fir de Passage gefuerdert huet, eng Hand ofgeschnidden hunn a se an d'Schelde geworf hunn. Eng Statu op der Plaz beim Stadhaus erënnert dorun.
Antwerpen war bis zum 16. Joerhonnert eng vun de bedeitendste a räichste Stied an Europa. Dat erkläert och fir wat Antwerpen d'Stad vun der Konscht ginn ass an datt de Moler Pieter Paul Rubens an den Buchdrécker Christophe Plantin do geschafft a gelieft hunn.
Ekonomie an Infrastrukturen
Antwerpen ass ee vun de bedeitendste Hafe vun Europa. Hie läit um Floss Schelde (fr.: Escaut). Zu Antwerpen liewen a schaffe vill Judden, déi meescht am Diamantenhandel.
Politik
Um politeschen Niveau ass Antwerpen bei de Kommunalwale vun 2001 doduerch opgefall, datt eng rechtsextreem, separatistesch-nationalistesch Partei, de Vlaams Blok, méi wéi 30% vun de Stëmme kritt huet.
Kuckeswäertes
- Den Zoo vun Antwerpen
- Het Steen (al Buerg, haut e Schëffsmusée)
- Grote Markt (Maartplaz)
- Cogels-Osylei (Prachtstrooss)
- Gare Centraal Station
- Onze Lieve Vrouwekathedraal (Léiffrächekathedral)
- Juddequartier
- Vullemaart
- Rubenshaus (Wappervaart)
- Brabobuer
- Diamantemusée
Literatur
- Scribanii, C.: Origines Antwerpiensium
- Gens: Histoire de la ville d'Anvers
- Genard: Anvers a travers les âges
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Antwerpen – Biller, Videoen oder Audiodateien |