Aly Bintz
Den Aly Bintz, gebuer de 15. Januar 1929 zu Arel, a gestuerwen den 1. November 2004 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
Aly Bintz | |
---|---|
Gebuer |
15. Januar 1929 Arel |
Gestuerwen |
1. November 2004 Nidderkuer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger |
Famill | |
Bestuet mat | Micky Erpelding, Yvonne Braumesch |
Kanner | Simone Asselborn-Bintz, Jean-Claude Bintz, Brigitte Bintz |
Dem Aly Bintz seng Karriär huet mat Operetten ugefaangen. Jorelaang huet hien a verschiddene Lëtzebuerger Ensembele wéi dem Liewensfrou - ë. a. Den Horrbock vum René Weimerskirch an Norbert Hoffmann -, an dem Lëtzebuerger Theater gespillt, dacks zesumme mat senger Fra, der Micky Erpelding.
Nieft dëse Kaméidisrollen huet hien och, ënner Regisseure wéi Steve Karier, Haidy Jacobi, Frank Hoffmann, Marc Olinger oder Jean-Paul Maes, an aktuelle Stécker säin Talent gewisen: Ee wéi deen aneren, Dës Kéier kraacht et, Hänk dech dach nëmmen op vum Guy Wagner, zesumme mam Micky Erpelding a mat senge Kanner Simone Bintz a Brigitte Bintz, oder an De Wijhel vum Jhemp Hoscheit.
Ville Lëtzebuerger ass hie bekannt als de Sänger vum Lidd Lëtzebuerger Spezialitéiten.
Filmer
ännerenTelevisiounsfilmer
änneren- Sherlock Holmes and the Leading Lady (1991) vum Peter Sasdy, zu Lëtzebuerg gedréit. Eng kleng Roll.
- Hänk dech dach nëmmen op (1987) vum Menn Bodson. Verfilmung vum Theaterstéck vum Guy Wagner
- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger (Televisiounsserie a 6 Episoden, déi och gekierzt am Kino gewisen ass ginn)
- E Fall fir sech (1984) vum Menn Bodson
- Ee wéi deen aneren (1980) vum Ed Kohl, nom präisgekréinten Theaterstéck vum Guy Wagner