Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                

Antwerpen, Anvers op Franséisch, ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Antwerpen. Opgrond vu senge ronn 526 000 Awunner, ass Antwerpen, no Bréissel (wann een d'Regioun kuckt), déi zweetgréisst Stad an der Belsch an déi gréisst a Flandern.

Antwerpen
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Antwerpen
Arrondissement Antwerpen
Awunner 529.247 (1. Januar 2020)
Fläch 20.451
Koordinaten 51° 13’ 00’’ N 04° 24’ 00’’ O
Telefonszon 03
Postcode 2000, 2018, 2020,
2030, 2050, 2060
Websäit https://www.antwerpen.be/
Grouss Plaz zu Anwerpen mat der Statu vum Ris, deem seng Hand an d'Schelde geworf gouf

Geschicht

änneren

Et gëtt behaapt, den Numm Antwerpen kéim vum Flämeschen "hand werpen", wat bedeit d'"Hand werfen". No enger Seeche soll de Brabo dem Ris Antigoon, deen d'Schëffsleit terroriséiert a vun hinnen Taxe fir de Passage gefuerdert huet, eng Hand ofgeschnidden hunn a se an d'Schelde geworf hunn. Eng Statu op der Plaz beim Stadhaus erënnert dorun.

Antwerpe war bis zum 16. Joerhonnert eng vun de bedeitendste a räichste Stied an Europa. Dat erkläert och fir wat Antwerpen d'Stad vun der Konscht ginn ass an datt de Moler Pieter Paul Rubens an de Buchdrécker Christophe Plantin do geschafft a gelieft hunn.

Ekonomie an Infrastrukturen

änneren

Antwerpen ass ee vun de bedeitendste Hafe vun Europa. Hie läit um Floss Schelde (fr.: Escaut). Zu Antwerpen liewen a schaffe vill Judden, déi meescht am Diamantenhandel.

Politik

änneren

Um politeschen Niveau ass Antwerpen bei de Kommunalwale vun 2001 doduerch opgefall, datt eng rechtsextreem, separatistesch-nationalistesch Partei, de Vlaams Blok, méi wéi 30 % vun de Stëmme kritt huet.

Kuckeswäertes

änneren

Literatur

änneren
  • Scribanii, C.: Origines Antwerpiensium
  • Gens: Histoire de la ville d'Anvers
  • Genard: Anvers a travers les âges

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Antwerpen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Grouss Plaz, wou de grousse Maart ofgehale gëtt
 
Vue op d'Lotsenhaus