Chrëschtnech
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Chrëschtnech (lokal: Chrëstnech[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Waldbëlleg.
Chrëschtnech Chrëstnech | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Christnach de: Christnach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Waldbëlleg |
Buergermeeschter | Andrée Henx-Greischer |
Awunner | 847 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 867,9860 ha[1] |
Héicht | 325 m |
Koordinaten |
49° 47’ 19’’ N 06° 16’ 23’’ O |
Chrëschtnech gouf, wéinst senger gutt erhalener Architektur vu Bauerenhaiser aus dem 18. Joerhonnert vum Service des sites et monuments nationaux an den 1970er Joren zum Modellduerf deklaréiert an ass als eent vun den éischten Dierfer am Land systematesch renovéiert ginn. Verschidden Häff si sougenannt Véierkant-Häff, d. h. se sinn op 4 Säite ëm e Bannenhaff zougebaut (mat Wunnhaus, Ställ a Scheieren).
Kuckeswäert ass ë. a. och déi al Uelegsmille mat engem Weekräiz nieft dem Portal, dat e polychrome Relief vun enger Pietà weist.
E puer klasséiert Haiser (Nationalmonument oder Zousazinventaire):
Kuckeswäertes
änneren- Parkierch vu Chrëschtnech.
- Uelegmillen.
- E puer Haiser déi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn.
- D'Hougeriicht, eng Gedenkplaz un déi lescht Hiriichtung am Joer 1793.
Fräizäit
ännerenAm Oste vun der Uertschaft an deelweis op der Sektioun Waldbëlleg läit de Golf and Country Club Christnach deen en 18-Lach-Parcours bitt a Par 70 klasséiert ass.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Chrëschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 14.06.2020.