Evy Friedrich
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Évrard Jean Pierre ("Evy") Friedrich gebuer den 30. Abrëll 1910 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. Juli 1989, war e lëtzebuergesche Journalist, Filmemécher, Editeur a Chronist.
Evy Friedrich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Évrard Jean Pierre Friedrich |
Gebuer |
30. Abrëll 1910 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 30. Juli 1989 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmkritiker, Journalist |
Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresséiert, an huet jorelaang Filmkritike publizéiert. Hie war den Editeur vun der éischter Kinoszäitschrëft zu Lëtzebuerg, Le film luxembourgeois (1927-1935). 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedréint: Les danseurs d'Echternach, eng Docu-fiction iwwer d'Iechternacher Sprangpressioun. Dat war den éischte Lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").
An den 1980er Joren hat hien am Lëtzebuerger Programm vu Radio Lëtzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Dës huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Lëtzebuerg ugesinn.
A sengem Roman De franséischen Doud vum Oscar Messidor vun 2007 huet de Josy Braun him, als "Fred Evrard", e literarescht Denkmal gesat.
Hien huet nach ënner follgende Pseudonymme geschriwwen: A. Béjo; C.T.; Jacques Cartier; Censor; Marcel Contin; E.F. / e.f.; Filaxen Hary; Fréf; Harungo Marino; Willy Helm; Impresario; Jacques et Marcel; Camille Kraus; Kucki; Le; René Maupert a Wanda.
No him genannt
ännerenAm Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss nom Evy Friedrich genannt: d'rue Evy Friedrich, eng Sakgass op béiden Enner, déi parallel zur Escher Strooss leeft an iwwer d'rue Léopold-Hoffmann z'erreechen ass. Den Numm krut d'Strooss duerch eng Decisioun vum Stater Schäfferot vum 11. November 2014.[1]
Schrëftlech Wierker
änneren- Der Spiegel, 1937, 2 Bänn vun 160 Säiten, Malpaartes-Verlag
- Camping-Briefe, 1939, 76 S., Luxemburger Genossenschafts-Druckerei, Esch-Uelzecht
- Jamboree am Wolfgangsee, 1951, 30 S., C.O.P.E.
- Die Tage der Wende - Luxemburgische Umsiedler in Niederschlesien erleben die Tage der Befreiung durch die Rote Armee, 1951, 70 S., C.O.P.E.
- Notiert in der Sowjetunion, 1953, 120 S., Luxembourg-U.R.S.S.
- Der 10. Mai - Versuch einer zusammenfassenden Darstellung, 1955, 24 S., C.O.P.E
- Als Luxemburg entvölkert werden sollte - Geschichte und Geschichten der Umsiedlung, 1969, 159 S., Bourg-Bourger
- Zeitung in Luxemburg - chronologischer Überblick, 1975, 31 S., Bourg-Bourger
- Kalennerblieder, 5 Bänn, 1978 - 1985, Bourg-Bourger, J.-P. Krippler-Muller
- Editeur vun der Zäitschrëft Le film luxembourgeois.
Filmer
ännerenAls Regie-Assistent
änneren- Il est un petit pays (1937) vum René Leclère (Kuerzfilm) (47 Minutten)
- Garçon ... un Bock (1938) vum René Leclère (Kuerzfilm) (12 Minutten)
- Circulez (1939) vum René Leclère (Kuerzfilm) (9 Minutten)
Als Regisseur
änneren- La journée des orphelins (1931) (Kuerzfilm) (11 Minutten)
- Les danseurs d'Echternach (1947) (Kuerzfilm) (19 Minutten)
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1977)[2]
Quellen
änneren- Goetzinger, G. & C. D. Conter (zesumme mat aneren), 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature. Dréckerei Graphic Press, Lëtzebuerg, S. 182-183. ISBN 978-2-919903-06-1.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Simone Beck, 2017. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad 114, S. 55.
- ↑ Verleihungen von Dekorationen im Innenministerium am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1977 op der Säit 7 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 1. November 2022