Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                

Fernand Fox

lëtzebuergesche Schauspiller

De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, a gestuerwen den 23. September 2024[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller.

Fernand Fox
De Fernand Fox am Januar 2011 (Foto François Besch)
Gebuer 26. Januar 1934
Bollenduerfer Bréck
Gestuerwen 23. September 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Schauspiller

Hien ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen.

Karriär

änneren

No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei ARBED schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.

1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.

Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.

Och an enger sëlleger Filmer, zulescht am Andy Bausch sengem Rusty Boys, war hien ze gesinn.

Televisioun

änneren

Documentaire

änneren

Gielchen

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. "Lëtzebuerger Schauspiller Fernand Fox am Alter vun 90 Joer gestuerwen". rtl.lu, 24.09.2024.
  2. Auszeechnungen op Nationalfeierdag 2019 an der Philharmonie op rtl.lu