Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                

Jean Huss

lëtzebuergeschen Politiker

De Jean ("Muck") Huss, gebuer de 26. Mäerz 1947 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Jean Huss
Gebuer 26. Mäerz 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

De Jean Huss, dee vu Beruff Professer ass, war bis 1983 an der sozialistescher Partei, a war ee vun de Grënner vun déi gréng. Hie setzt sech virun allem fir eethesch a sozial Theemen an, a war och Corapporteur vum Gesetz iwwer d'Depenaliséierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg.

Virun allem wéinst der pro-Impfungspositioun vun 'déi gréng' wärend der Covid-19 Pandemie ass hien aus der Partei ausgetrueden an ass zanterhier a kenger Partei méi Member.[1]

Gemengepolitik

änneren

Hie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Mäerz 1990 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Januar 1995 Conseiller am Escher Gemengerot. Dono war hien nees vu Juni 2000 bis Januar 2014[2] Conseiller vun der Gemeng Esch-Uelzecht.

Landespolitik

änneren

Hie war vum 16. Juli 1984 bis de 14. September 1987 a vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber. Vum 18. Juli 1994 u war hien nees Deputéierten; hie gouf 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.

De 6. Juli 2011 huet hie säi Mandat néiergeluecht a gouf vun der Josée Lorsché ersat.

Aner Aktivitéiten

änneren

Nieft der institutioneller Politik ass de Jean och aktiv bäi AKUT.

Gielercher

änneren

Literatur

änneren
  • Kurschat, I., 2024. Grünen-Gründer ist heute politisch heimatlos. Luxemburger Wort vum 31. August/1. September 2024, S. 2-3.

Um Spaweck

änneren
Commons: Jean Huss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Kurschat, I., 2024. Grünen-Gründer ist heute „politisch heimatlos“, wort.lu[€], Luxemburger Wort vum 31. August/1. September 2024, S. 2-3.
  2. "Merci Muck!" Communiqué op deigreng.lu, 18.01.2014.
  3. Copie vum Quotidien vum 19. juni 2008 op der Websäit vun der Chambre de Commerce Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 16.01.2013.