Joko Widodo
De Joko Widodo, gebuer den 21. Juni 1961 zu Surakarta, Provënz Jawa Tengah, bekannt als Jokowi, ass en indoneeseschen Entreprener a Politiker. Hien ass zënter dem 20. Oktober 2014 President vu sengem Land.
Joko Widodo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mulyono |
Gebuer |
21. Juni 1961 Surakarta |
Nationalitéit | Indonesien |
Aktivitéit | Politiker, Entreprener, Ingenieur |
De Widodo hat no sengem Studium fir Forstingenieur eng Miwwelentreprise gegrënnt. Vun 2005 bis 2012 war hie Buergermeeschter vu Surakarta. Duerno gouf en zum Gouverneur vum Haaptstaddistrikt (DKI) Jakarta gewielt.[1]
Den 9. Juli 2014 war hie Spëtzekandidat vun der Demokratescher Partei vum Kampf vun Indonesien (PDI-P) bei de Presidentschaftswalen. Hie krut nom offizielle Resultat 53,15 % vun de Stëmmen, wat awer vu sengem Konkurrent Prabowo Subianto kontestéiert gouf.[2]
Bei de Walen am Abrëll 2019 ass hien nach emol erëmgewielt ginn. Och déi Kéier war säi Konkurrent de Prabowo Subianto deen ewell d'Resultat kontestéiert huet. 5 Wochen no der Wal, gouf de Jokowi offiziell an d'Amt bestätegt, an dat mat 55,5 % vun de Stëmmen.[3]
Um Spaweck
ännerenCommons: Joko Widodo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Jakartas Hoffnung. taz.de, 2012-09-22
- ↑ Indonesien: Verlierer Prabowo will gegen Wahlergebnis klagen. Spiegel Online, 2014-07-23
- ↑ Wahlsieg: Widodo bleibt Präsident Indonesiens. tagesschau.de, 2019-05-21