Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                


Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft nos cahiers. Fir d'Zäitschrëft mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Les Cahiers luxembourgeois.


nos cahiers - Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur ass eng lëtzebuergesch Kulturzäitschrëft, déi vun 1980 bis 2020 an den Éditions Saint-Paul publizéiert gouf. Déi éischt Nummer koum den 30. Abrëll 1980 eraus[1]. Zënter 2021 gëtt d'Zäitschrëft vu Print Solutions editéiert. Fir den Inhalt ass ee Redaktiounscomité vun onofhängege Benevole verantwortlech .[2]

Nos cahiers
Typ Periodique
Éischt Ausgab 1980
Websäit http://www.noscahiers.lu

D'Presidente vum Redaktiounscomité waren noeneen de Pierre Grégoire, de Christian Calmes a vun 1995 un de Georges Goedert[3][4]. nos cahiers sinn an d'Fousspuere vun enger anerer kultureller Publikatioun getrueden, der Academia, déi wärend dem Éischte Weltkrich vum kathouleschen Akadeemiker-Veräin AV/ALUC gegrënnt gi war[4].

nos cahiers gëtt vum Kulturministère subventionéiert[5].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Luxemburger Wort, „Nos Cahiers" – „Vos Cahiers"... Eine neue luxemburgische Zeitschrift für Kultur stellt sich vor.. eluxemburgensia.lu (02.05.1980). Gekuckt de(n) 15.12.2021.
  2. D'Quell dofir sinn d'Nummere vun nos cahiers selwer plus Informatioune vun engem Redaktiounsmember.
  3. Cf. z. B. 2011 (3/4), S. 2, Zesummesetzung vum Comité de rédaction
  4. 4,0 4,1 Nos Cahiers feiere 40 Joer. radio 100,7 (2020-08-13). Gekuckt de(n) 2021-10-20.
  5. Nos cahiers: Remise du numéro spécial "Luxembourg 20 ans UNESCO" au ministre de la Culture, Maggy Nagel. gouvernement.lu (2014-11-12). Gekuckt de(n) 2021-10-20.