Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                

Regierung Juncker-Asselborn II

Koalitiounsregierung

D'Regierung Juncker-Asselborn II war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si huet um Koaltiounsaccord tëscht dësen zwou Parteie vum 20. Juli 2009 baséiert. Den 23. Juli 2009 ass se vereedegt ginn.

D'Regierung Juncker-Asselborn II den 29. Juli 2009 an der Chamber bei der Presentatioun vum Regierungsprogramm.
De Premier Jean-Claude Juncker presentéiert de Programm vun der Regierung Juncker-Asselborn II den 29. Juli 2009 an der Chamber.

Si bestoung aus 15 Ministeren, wouvun der 12 aus der vireger Regierung iwwerholl goufen.

Den 1. Februar 2012 koum et zu enger Ännerung an de Ressorten Ekonomie an Energie, wou den Etienne Schneider de Jeannot Krecké, deen aus perséinleche Grënn zeréckgetruede war, ersat huet.[1]

Den 30. Abrëll 2013 goufen, no der Demissioun vum François Biltgen an der Marie-Josée Jacobs, d'Martine Hansen an de Marc Spautz als nei Ministere vereedegt.[2]

Den 11. Juli 2013 huet de Premier Juncker, nodeem d'LSAP am Kader vun der SREL-Affär, sou wéi och déi meescht Parlamentarier vun den Oppositiounsparteien, der Regierungskoalitioun d'Vertrauen entzunn huet, erkläert, hie géif de Grand-Duc froen, fréizäiteg Neiwalen auszeruffen.[3] D'Regierung Juncker-Asselborn II ass den 3. Dezember 2013 zeréckgetrueden a gouf duerch d'Regierung Bettel-Schneider, déi aus de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ervirgaange war, deen Dag drop ofgeléist.

Zesummesetzung

änneren

bis den 29. Abrëll 2013

änneren
  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; zoustänneg fir d'Simplification Administrative a fir den Trésor
  • Jean Asselborn (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill a Jugend; Ministesch fir Kooperatioun
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Erzéiungs- a Bildungsministesch.
  • Luc Frieden (CSV): Finanz- a Budgetsminister, inkl. Steieren a Bankeplaz
  • François Biltgen (CSV): Justizminister; Minister fir Héichschoulen a Fuerschung; Minister fir Kommunikatioun a Medien; Minister fir d'Fonction publique an de Kultus
  • Etienne Schneider (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel; Minister fir Energie (huet den 1. Februar 2012 de Jeannot Krecké ersat)
  • Mars Di Bartolomeo (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
  • Claude Wiseler (CSV): Minister fir Nohalteg Entwécklung (Bauten, Transport, Ëmwelt, Landesplanung)
  • Jean-Marie Halsdorf (CSV): Inneminister, Minister fir d'Police, d'Verdeedegung, d'Groussregioun an d'Territorialorganisatioun
  • Nicolas Schmit (LSAP): Minister fir Aarbecht; Minister fir Immigratioun
  • Octavie Modert (CSV): Ministesch fir Kultur; Ministesch fir d'Bezéiunge mam Parlament; Ministesch fir d'Verwaltungsreform; Delegéiert Ministesch vun der Fonction publique.
  • Marco Schank (CSV): Minister fir Wunnengsbau; Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung.
  • Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft a Sport; Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung
  • Françoise Hetto (CSV): Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet.

zanter dem 30. Abrëll 2013

änneren
  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; zoustänneg fir d'Simplification Administrative a fir den Trésor, Kultusminister
  • Jean Asselborn (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister.
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Erzéiungs- a Bildungsministesch.
  • Luc Frieden (CSV): Finanz- a Budgetsminister, inkl. Steieren a Bankeplaz; Minister fir Kommunikatioun a Medien.
  • Etienne Schneider (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel; Minister fir Energie
  • Mars Di Bartolomeo (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
  • Claude Wiseler (CSV): Minister fir Nohalteg Entwécklung (Bauten, Transport, Ëmwelt, Landesplanung)
  • Jean-Marie Halsdorf (CSV): Inneminister, Minister fir d'Police, d'Verdeedegung, d'Groussregioun an d'Territorialorganisatioun
  • Nicolas Schmit (LSAP): Minister fir Aarbecht; Minister fir Immigratioun
  • Octavie Modert (CSV): Ministesch fir Kultur; Ministesch fir d'Verwaltungsreform; Ministesch fir d'Fonction publique; Ministesch fir Justiz.
  • Marco Schank (CSV): Minister fir Wunnengsbau; Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung.
  • Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft a Sport; Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung
  • Françoise Hetto (CSV): Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet.
  • Martine Hansen (CSV): Ministesch fir Héichschoulen a Fuerschung;
  • Marc Spautz (CSV): Minister fir Famill an Integratioun; Minister fir Kooperatioun; Minister fir d'Bezéiunge mam Parlament.

Um Spaweck

änneren


Referenzen

änneren
  1. "Den Etienne Schneider gouf als Wirtschaftsminister vereedegt." RTL.lu - 01.02.2012, 06:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 09:10.
  2. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  3. "Neiwahlen: No Regierungsrot geet Premier an de Palais." RTL.lu - 10.07.2013, 14:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2013, 08:20.