Taxi
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Taxi ass en Individualverkéiersmëttel (an der Reegel en Auto) mat engem Chauffer, dee Passagéier, géint Bezuelen, dohi féiert, wuer se wëllen. Et erkennt ee s'un enger Opschrëft oder engem Schëld um Daach ("Taxi"), oder un enger bestëmmter Faarf. Taxië si meeschtens Limousinen oder Kombien. Taxië mat méi wéi fënnef Sëtzplaze gi "Groussraumtaxi" genannt.
De Begrëff "Taxi" kënnt vun deene fréier an de Fiakeren zur Präisbestëmmung gebrauchten Apparaten, déi "Taxameter" genannt gi sinn. D'Kuerzbezeechnung fir dës Moossapparater goung an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert op de Fiaker selwer iwwer.
En Taxi kann ee bestellen - z. B. iwwer Telefon, bei engem Taxisstand opsichen oder op der Strooss unhalen. De Präis riicht sech entweeder no der Distanz an der Zäit, déi gebraucht gëtt; e kann awer och als Forfait virun der Rees festgeluecht ginn.
Gewéinlech muss een eng Lizenz hunn, fir en Taxisbetrib kënnen z'exploitéieren.
D'Taxiswiesen zu Lëtzebuerg
ännerenZu Lëtzebuerg gouf et 2009 162 Firmen, déi Taxi- an Ambulanzdéngschter ugebueden hunn, dovu waren der 118 just am Taxiwiesen aktiv.[1] 2008 hunn an deem Secteur 900 Leit geschafft.[2] Dem Statec no louch den Ëmsaz vum Lëtzebuerger Taxissecteur 2007 bei 23,5 Milliounen Euro.[3] Gréisste Firma ass Colux, mat ronn engem Fënneftel vum Ëmsaz, wéi och vun de Salariéen; zwou weider, eng dovu Benelux Taxis, hunn zesummen 18 % vum Marché, wéi och vum Personal.[4] Vill Firmen am Taxiwiese sinn 1-Mann-Betriber: 36 % vun den Taxisentreprisen hu keen ee Salarié, d. h. de Chauffer ass gläichzäiteg Patron vu senger Firma.[5]
E Chauffer vun engem lëtzebuergeschen Taxi muss e Führerschäi vun der Kategorie B hunn, bei deem entweeder d'Stagezäit eriwwer ass, wann de Chauffer zu Lëtzebuerg wunnt, oder eng Period vun zwee Joer, wann de Chauffer am Ausland wunnt.
Zanter Juli 2012 gëtt et zu Lëtzebuerg alternativ zu deene konventionellen Taxi-Entreprisen nei Taxi-Systemer, de Webtaxi an de YellowCab.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Loi du 14 février 1955 concernant la réglementation de la circulation sur toutes les voies publiques, modifiée et complétée... - "Code de la route", besonnesch d'Art. 55 a 56).
- Règlement grand-ducal du 7 janvier 2009 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 3 décembre 1997 portant réglementation des services de taxis à l'Aéroport de Luxembourg.
Commons: Taxis – Biller, Videoen oder Audiodateien |