Horst Tappert
Horst Tappert | |
---|---|
Um Emfank beim Bundeskanzler (1971) | |
Gebuer |
26. Mee 1923 Elberfeld |
Gestuerwen |
13. Dezember 2008 Planegg |
Doudesursaach | Zockerkrankheet |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur |
Den Horst Tappert, gebuer de 26. Mee 1923 zu Elberfeld, a gestuerwen den 13. Dezember 2008 zu Planegg bei München, war en däitsche Schauspiller.
Hie war virun allem bekannt fir seng Roll als Haaptinspekter Stephan Derrick an der däitscher Krimi-Televisiounsserie mam selwechten Numm.
Nodeem den Horst Tappert jorelaang Amateur-Theaterschauspiller war, huet hien d'Schauspillerei 1967 zu sengem Beruff gemaach. Op der Televisioun huet hien an den 1960er Joren dacks "Béiser" gespillt, an den 1970er ass hien an der Krimiserie Der Kommissar opgetrueden, dës Kéier als Polizist, an huet, nodeem dës Serie 1974 ofgesat gouf, d'Haaptroll an enger neier Serie mam Numm Derrick iwwerholl. Vun Derrick sinn tëscht dem 30. Juli 1973 an dem 17. Dezember 1997 281 Episode gedréint ginn, an d'Serie war an 108 Länner ze gesinn.
Den Horst Tappert huet parallel awer weider Theater gespillt. Zu Lëtzebuerg ass hien notamment 1969 (Das kleine Teehaus vum John Patrick), 1973 (Die Hose vum Carl Sternheim) an 1986 (Die leichten Herzens sind vum Emlyn Willimas) opgetrueden. Beim leschte Stéck huet huet hien zousätzlech Regie gefouert.[1]
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1950: Frauenarzt Dr. Prätorius - Regie: Karl Peter Gillmann, Curt Goetz - Haaptacteuren: Curt Goetz, Valerie von Martens
- 1958: Die Trapp-Familie in Amerika - Regie: Wolfgang Liebeneiner - Haaptacteuren: Ruth Leuwerik, Hans Holt
- 1958: Helden - Regie: Franz Peter Wirth - Haaptacteuren: O.W. Fischer, Liselotte Pulver
- 1958: Wir Wunderkinder - Regie: Kurt Hoffmann - Haaptacteuren: Johanna von Koczian, Hansjörg Felmy
- 1959: Der Engel, der seine Harfe versetzte - Regie: Kurt Hoffmann - Haaptacteuren: Nana Osten, Henry Vahl
- 1959: Jacqueline - Regie: Wolfgang Liebeneiner - Haaptacteuren: Johanna von Koczian, Götz George
- 1959: Das schöne Abenteuer - Regie: Kurt Hoffmann - Haaptacteuren: Liselotte Pulver, Robert Graf
- 1962: Er kann's nicht lassen - Regie: Axel von Ambesser - Haaptacteuren: Heinz Rühmann, Grit Boettcher
- 1962: Schneewittchen und die sieben Gaukler - Regie: Kurt Hoffmann - Haaptacteuren: Caterina Valente, Walter Giller
- 1963: Zwei Whisky und ein Sofa - Regie: Günter Gräwert - Haaptacteuren: Maria Schell, Karl Michael Vogler
- 1966: Die Rechnung – eiskalt serviert - Regie: Helmut Ashley - Haaptacteuren: George Nader, Yvonne Monlaur
- 1966: Carré de dames pour un as - Regie: Jacques Poitrenaud - Haaptacteuren: Roger Hanin, Sylva Koscina
- 1967: Der große Postraub - Regie: John Olden, Claus Peter Witt - Haaptacteuren: Günther Neutze, Kai Fischer
- 1968: Heißer Sand auf Sylt - Regie: Jerzy Macc - Haaptacteuren: Charlotte Kerr, Renate von Holt
- 1968: Der Hund von Blackwood Castle - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Heinz Drache, Karin Baal
- 1968: Der Gorilla von Soho - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Uschi Glas, Hubert von Meyerinck
- 1969: Der Mann mit dem Glasauge - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Karin Hübner, Hubert von Meyerinck
- 1969: Sieben Tage Frist - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Joachim Fuchsberger, Karin Hübner
- 1970: Perrak - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Werner Peters, Erika Pluhar
- 1971: Sie tötete in Ekstase - Regie: Frank Hollmann - Haaptacteuren: Susann Korda, Fred Williams
- 1971: Der Teufel kam aus Akasava - Regie: Jesús Franco - Haaptacteuren: Fred Williams, Soledad Miranda
- 1971: Und Jimmy ging zum Regenbogen - Regie: Alfred Vohrer - Haaptacteuren: Alain Noury, Horst Frank
- 1971: Bleib sauber, Liebling! oder Rosy und der Herr aus Bonn - Regie: Rolf Thiele - Haaptacteuren: Heidi Hansen, Uwe Friedrichsen
- 1971: Der Kapitän - Regie: Kurt Hoffmann - Haaptacteuren: Heinz Rühmann, Johanna Matz
- 1972: Der Todesrächer von Soho - Regie: Jesús Franco - Haaptacteuren: Fred Williams, Barbara Rütting
- 1974: Auch ich war nur ein mittelmäßiger Schüler - Regie: Werner Jacobs - Haaptacteuren: Claus Biederstaedt, Gerlinde Locker
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1961: Zu viele Köche - TV-Serie - 5 Episoden
- 1962: Das Halstuch - TV-Mini-Serie - 5 Episoden
- 1966: Die Gentlemen bitten zur Kasse - TV-Serie - 3 Episoden
- 1974–1998: Derrick - TV-Serie - 281 Episoden
als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1986–1997: Derrick - TV-Serie - 11 Episoden
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Horst Tappert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Tageblatt 16.12.2008, S.18.