Katar
Daulat Qatar (arab.) Katar | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
Haaptstad: | Doha | ||||
Staatsform: | Absolut Monarchie | ||||
• Emir: | Tamim bin Hamad Al Thani | ||||
• Premierminister: | Khalid bin Khalifa bin Abdul Aziz Al Thani | ||||
Fläch: | 11.437 km² | ||||
Bevëlkerung: | 839.213 (2005) | ||||
De Katar (arabesch: قطر Qatar) ass e Staat am Persesche Golf. Et ass eng Hallefinsel a grenzt u Saudi-Arabien.
Lag a Gréisst
De Katar läit am Nordoste vun der Arabescher Hallefinsel a seng Nopeschlänner si Bahrain, Saudi-Arabien an d'Vereenegt Arabesch Emirater.
D'Land huet eng Fläch vun 11.437 km². Vu Süden no Norde sinn et 180 km, a vu Westen no Osten 80 km.
Landschaft
Dat ganzt Land ass relativ flaach an eng grouss Partie ass Steewüst bal mat décke Waken, a bal mat Kisel.
Am Südosten um Mier läit d'Lagun Khor Udaid, an am Süde gëtt et bis zu 40 m héich Sanddünen.
Am Westen ass d'Hiwelkette vum Jebel Dukhan, där hiren héchste Punkt op ongeféier 110 Meter iwwer dem Mier läit. Ëm dat ganzt Land leie Koralleriffer.
Klima
De Klima ass subtropesch a ganz waarm. Well de Katar zimmlech no um Persesche Golf läit ass et dat ganzt Joer iwwer zimmlech schmeier.
Am Summer (Mee-September) leien d'Temperaturen tëscht 35 °C a 45 °C, an am Wanter tëscht 25 °C a 35 °C. D'Loftfiichtegkeet ass an der Moyenne 8 %. De Katar ass eent vun de Länner op der Welt mat de mannste Nidderschléi, an ass och soss ganz waasseraarm.
Um Spaweck
Commons: Katar – Biller, Videoen oder Audiodateien |