Antwerpen
Antwerpen, Anvers op Franséisch, ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Antwerpen. Opgrond vu senge 450.000 Awunner, ass Antwerpen, no Bréissel (wann een d'Regioun kuckt), déi zweetgréisste Stad an der Belsch an déi gréisst a Flandern.
Geschicht
Et gëtt behaapt, den Numm Antwerpen kéim vum Flämeschen "hand werpen", wat bedeit d'"Hand werfen". No enger Seeche soll de Brabo dem Ris Antigoon, deen d'Schëffsleit terroriséiert a vun hinnen Taxen fir de Passage gefuerdert huet, eng Hand ofgeschnidden hunn a se an d'Schelde geworf hunn. Eng Statu op der Plaz beim Stadhaus erënnert dorun.
Antwerpen war bis zum 16. Joerhonnert eng vun de bedeitensten a räichste Stied an Europa. Dat erkläert och fir wat Antwerpen d'Stad vun der Konscht ginn ass an datt de Moler Pieter Paul Rubens an den Buchdrécker Christophe Plantin do geschafft a gelieft hunn.
Economie an Infrastrukturen
Antwerpen ass ee vun de bedeitesten Hafe vun Europa. Hie läit um Floss Schelde (fr.: Escaut). Zu Antwerpen liewen a schaffen vill Judden, déi meescht am Diamantebusiness.
Politik
Um politeschen Niveau ass Antwerpen bei de Kommunalwalen vun 2001 doduerch opgefall, datt eng rechtsextreem, separatistesch-nationalistesch Partei, de Vlaams Blok, méi wéi 30% vu de Stëmme kritt huet.
Kuckeswäertes
- Den Zoo vun Antwerpen
- Het Steen (al Buerg, haut e Schëffsmusée)
- Grote Markt (Maartplaz)
- Cogels-Osylei (Prachtstrooss)
- Gare Centraal Station
- Onze Lieve Vrouwekathedraal (Léiffrächekathedral)
- Juddequartier
- Vullemaart
- Rubenshaus (Wappervaart)
- Brabobuer
- Diamantemusée
Literatur
- Scribanii, C.: Origines Antwerpiensium
- Gens: Histoire de la ville d'Anvers
- Genard: Anvers a travers les âges
Kuckt och
Um Spaweck
Schabloun:Gemengen an der Provënz Antwerpen
Commons: Antwerp – Biller, Videoen oder Audiodateien |