Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                

Wiktor Janukowytsch

ukrainesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Viktor Janukowytsch)

De Wiktor Fedorowytsch Janukowytsch (op Ukrainesch Віктор Федорович Янукович an op Russesch Виктор Фёдорович Янукович), gebuer den 9. Juli 1950 zu Jenakijewe am Oblast Donezk, ass en ukrainesche Politiker a war zäitweileg Chef vun der Partei vun de Regiounen.

Wiktor Janukowytsch
Gebuertsnumm Віктор Федорович Янукович
Gebuer 9. Juli 1950
Nationalitéit UdSSR, Ukrain, Russland
Aktivitéit Ingenieur, Ekonomist, Politiker, Jurist, Diplomat, Lecteur
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Wiktor Janukowytsch war vum 21. November 2002 bis den 31. Dezember 2004 Premierminister vun der Ukrain. 2004 huet hie fir d'Presidentschaftswale vu sengem Land kandidéiert, mä en huet géint de Wiktor Juschtschenko, de Leader vun der Oranger Revolutioun, verluer. 2006 war seng Partei déi stäerkst bei de Parlamentswalen, a sou gouf hien nees, vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007, Premierminister.

2010 huet hien, als Oppositiounsleader, d'Presidentschaftswale mat 48,95% vun de Stëmme gewonnen. No der Eskalatioun vun de sougenannten Euromaidan-Protester, woubäi et zu 77 Doudeger koum, gouf de Janukowytsch den 22. Februar 2014 vum ukrainesche Parlament fir ofgesat erkläert. Hie betruecht seng Amtsenthiewung als illegal.

Um Spaweck

änneren
Commons: Wiktor Janukowytsch – Biller, Videoen oder Audiodateien