26. Mäerz
Ausgesinn
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
De 26. Mäerz ass de 85. Dag vum Joer (86. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1616: De William Baffin fänkt seng fënneft Entdeckungsrees um Schëff Discovery un.
- 1791: De Meter - deemools definéiert als den 10.000.000sten Deel vun engem Véirel vum Äerdmeridian - gëtt zu Paräis als universellt Längtemooss agefouert.
- 1971: Bangladesch gëtt vu Pakistan onofhängeg.
- 1976: Militärputsch an Argentinien.
- 1995: D'Schengener Ofkommes trëtt a siwen EU-Memberstaaten, dorënner Lëtzebuerg, a Kraaft.
- 2000: D'Schengener Ofkommes trëtt och a Griicheland a Kraaft.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1939: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Déifferdeng 2:1 géint Däitschland. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London 1:2 géint England.[2] De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[3]
- 1969: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 0:4 géint Holland.[4]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.[5]
- 2008: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Wales.[6]
- 2013: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Finnland.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Conrad Gesner
-
Tennessee Williams
-
Leonard Nimoy
-
James Caan
-
Richard Dawkins
-
Jean Huss
- 1516: Conrad Gesner, Schwäizer Polyhistor, Dokter an Naturfuerscher.
- 1799: Jean-Pierre Brimmeyr, lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker, Historiker an Naturwëssenschaftler.
- 1891: Jean Jacoby, lëtzebuergesche Moler.
- 1908: Franz Stangl, éisträicheschen Nationalsozialist.
- 1911: Tennessee Williams, US-amerikaneschen Theaterschrëftsteller.
- 1913: Victor Majerus, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1916: Sterling Hayden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1925: Pierre Boulez, franséische Komponist, Dirigent a Musektheoretiker.
- 1927: Jürgen Goslar, däitsche Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur a Synchronspriecher.
- 1930: Émile Hammerel, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1931: Leonard Nimoy, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.
- 1933: Tinto Brass, italieenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur a Filmproduzent.
- 1934: Alan Arkin, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 1935: Mahmud Abbas, palestinensesche President.
- 1940: James Caan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1941: Richard Dawkins, britteschen Naturwëssenschaftler.
- 1942: Fred Junck, Grënner an Direkter vun der Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1944: Diana Ross, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 1945: Joseph Schaack, Lëtzebuerger Gewerkschaftler a Politiker.
- 1947: Jean Huss, lëtzebuergesche Politiker.
- 1949: Patrick Süskind, däitsche Schrëftsteller.
- 1954: Jutta Speidel, däitsch Schauspillerin.
- 1964: Alain Fux, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur.
- 1970: Alberto David, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 1978: Stéphane Pisani, lëtzebuergesche Magistrat.
- 1985: Keira Knightley, englesch Schauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1797: James Hutton, schottesche Geolog.
- 1814: Joseph-Ignace Guillotin, franséischen Dokter a Politiker.
- 1827: Ludwig van Beethoven, däitsche Komponist.
- 1838: Marie Frédéric Henri Christiani, franséischen Historiker, Jurist, Deputéierten a Staatsbeamten.
- 1877: Carl Bremiker, däitschen Astronom a Geodet.
- 1892: Walt Whitman, US-amerikaneschen Dichter a Journalist.
- 1910: Auguste Charlois, franséischen Astronom.
- 1923: Sarah Bernhardt, franséisch Theater- a Filmschauspillerin.
- 1932: Antoine Kayser, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1933: Francine Mussey, franséisch Schauspillerin.
- 1945: David Lloyd George, brittesche Regierungschef.
- 1957: Max Ophüls, däitsch-franséische Schauspiller a Regisseur.
- 1959: Raymond Chandler, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1963: Jean Bruce, franséischen Auteur.
- 1984: Anne-Marie Coffinet, franséisch Schauspillerin.
- 1993: Willi Schäferdiek, däitsche Schrëftsteller
- 1999: Henri Coutet, franséische Schauspiller.
- 2000: Enzo Giacchero, italieeneschen Diplomat a Politiker.
- 2000: Frinn Zürn, lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Member vum Staatsrot.
- 2012: Edmond Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2015: Fred Robsahm, norweegesche Schauspiller.
- 2015: Doris Kirchner, éisträichesch Schauspillerin.
- 2015: Tomas Tranströmer, schweedeschen Dichter.
- 2019: Nicolas Plein, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2023: Karl-Josef Rauber, däitsche Geeschtlechen an Diplomat.
- 2024: Paul Lafontaine, lëtzebuergeschen Historiker an Auteur.
- 2024: Richard Serra, US-amerikanesche Sculpteur.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 26. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1948 op der Websäit vun European Football
- ↑ Artikel am Wort iwwer de Foussballmatch England-Lëtzebuerg vum 26. Mäerz 1948 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 14.04.2012.
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 26. Mäerz 1969 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Uruguay de 26. Mäerz 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 26. Mäerz 2008 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ Reportage iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mäerz 2013 op tageblatt.lu