Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Gezei

Vu Wikipedia
Versioun vum 11:20, 18. Dez. 2014 vum Bdx (Diskussioun | Kontributiounen) (Ugeluecht).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Kleeder aus verschiddenen Epochen

Gezei oder Kleeder ass en Iwwerbegrëff fir all déi Materialien, déi benotzt gi fir Deeler vum mënschleche Kierper ze bedecken. A bal all Gesellschaften gi Kleeder ugedoen. D'Quantitéit u Gezei variéiert dobäi mat der physescher Statur, dem Geschlecht an dem sozialen a geographeschen Ëmfeld. Et gi verschidde Motivatiounen, Gezei unzedoen; nieft der Noutwendegkeet fir Schutz a Wäermt ginn et sozial a kulturell Grënn.

Mam Gezei kënnen Accessoiren ugedoe ginn, wéi zum Beispill Bijouen, Poschen oder Schaler. Schung a Kappbedeckungen (zum Beispill Hitt) zielen dogéint zum Gezei.

Kleeder kënne aus Faserplanzen wéi Kotteng, aus Plastik wéi Polyester oder aus Déierenhaut (Lieder) an -hoer (Woll) gemaach ginn.

Beispiller vu Kleedungsstécker sinn d'Box, d'Hiem, de Rack an d'Jupe.