10. Arrondissement vu Paräis
Quartieren |
Saint-Vincent-de-Paul, Porte-Saint-Martin, Porte-Saint-Denis, Hôpital-Saint-Louis |
---|---|
Awunner | 83.543 |
Fläch | 2,89 km² |
Postcode | 75010 |
INSEE-Code | 75110 |
Koordinaten | 48°52'31,83"N, 2°21'28,27"O |
Den 10. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Entrepôt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Déi aktuell Grenze vum 10. Arrondissement bestinn zanter 1860, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf. Den haitegen Arrondissement besteet aus den nërdlechen Deeler vun de fréieren 3. a 5. Arrondissementer.
Fréier huet den 10. Arrondissement Arrondissement de l'Enclos Saint-Laurent geheescht, mat Bezuch op de fréiere Maart an der rue Saint-Laurent, do wou hautdesdaags d'Gare de l'Est steet. Obwuel d'Gare schonn 1849 opgoung, ass den Arrondissement eréischt 1977 ëmgenannt ginn. Den aktuellen Arrondissement huet säin Numm vum Douanes-Depot an der rue Léon-Jouhaux.
Geographesch Lag
[änneren | Quelltext änneren]Den 10. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 9., am Westen un den 11., am Norden un den 18. an am Süden un den 3. Arrondissement.
Quartieren
[änneren | Quelltext änneren]Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 37. Quartier Saint-Vincent-de-Paul
- 38. Quartier de la Porte Saint-Denis
- 39. Quartier de la Porte Saint-Martin
- 40. Quartier de l'Hôpital Saint-Louis
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kierch Saint-Vincent-de-Paul
-
D'Puert Saint-Denis
-
D'Gare du Nord
-
Eng Schleis um Canal Saint-Martin
-
De Monument à la République
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kleng Auswiel:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 10. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]