Ananym
Ausgesinn
Ananym ass eng Form vun Anagramm, an deem e Schrëftsteller als Pseudonym säi realen Numm permutéiert, dat heescht, d'Buschtawen an eng aner Rei setzt, oder souguer hannerzeg schreift.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- De François Rabelais, dee sech Alcofribas Nasier genannt huet.
- D'Marguerite Yourcenar, där hire richtegen Numm Marguerite Cleenewerck de Crayencour war.
- Den däitschen Auteur Kurt Marek, deen ënner dem Numm C. W. Ceram bekannt gouf. (Götter, Gräber und Gelehrte).
- Dem Christoffel von Grimmelshausen säi Schreifnumm German Schleifheim von Sulsfort.