Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Apdikter

Vu Wikipedia
E Mann, dee vun enger Apdiktesch berode gëtt.

En Apdikter (fir de Mann) oder eng Apdiktesch (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi am Gesondheetswiese schafft an déi op d'Produktioun, d'Prüfung, an d'Verdeelen vu Medikamenter spezialiséiert ass. Apdikter schaffe meescht an ëffentlechen Apdikten, a Spidolsapdikten, an der Pharmaindustrie, bei Krankekeesen oder a Fuerschungsariichtungen. Hir Haaptaufgab besteet doran, Patienten a Clienten zu de Medikamenter ze beroden, Medikamenter dem Rezept vum Dokter no ze verdeelen oder selwer ze produzéieren, a sécherzestellen, datt se richteg ageholl ginn.

D'Ausbildung zum Apdikter ass an der Reegel en Universitéitsstudium, dee fënnef bis sechs oder nach méi Joren dauert. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Fakultéit fir Pharmazie, wat bedeit datt all d'zukünfteg lëtzebuergesch Apdikter am Ausland studéieren. Hiren Diplom muss da vum Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale homologéiert ginn. De Studium ëmfaasst e groussen theoreteschen Deel, mat ënner anerem Pharmakologie, Chimie, Biologie, a Medezin, an d'Studenten hunn och d'Méiglechkeet, hiert Wëssen a praktesche Stagen ze verdéiwen an ze testen, entweder an enger ëffentlecher Apdikt oder am Labo.[1]

A villen europäesche Länner kruten Apdikter nei Aufgaben an der aktiver Betreiung vun de Patienten an an der Preventioun vu Krankheeten iwwerdroen, fir dat wëssenschaftlech Potential vun den Apdikter ze notzen. Zu Lëtzebuerg huet d'Impfung géint de COVID-19 zur Weiderentwécklung vum Beruff gefouert. Zënter 2022 dierfen d'Apdikter och selwer impfen.[2]

An enger Apdikt ass den Apdikter fir d'Iwwerpréiwe vun de Rezepter, d'Berodung zu de Wiesselwierkungen an den Niewewierkunge vun de Medikamenter a fir d'Produktioun vun individuelle Rezepture verantwortlech. Apdikter spillen och eng wichteg Roll am Beräich vun der Preventioun, ënner anerem andeem si Impfungen duerchféieren, Gesondheetschecken ubidden an iwwer gesond Liewensgewunnechten informéieren. An der Pharmaindustrie sinn Apdikter un der Entwécklung, Produktioun a Qualitéitssécherung vu Medikamenter bedeelegt. An der Fuerschung droe si zur Entwécklung vun neie Medikamenter an Therapie bäi.

Commons: Apdikter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. pharmacie.lu: Comment devenir pharmacien - Autorisation d’exercer au Luxembourg
  2. Arrêté ministériel du 10 février 2022 portant habilitation des pharmaciens à préparer et à administrer les vaccins contre la Covid-19 au Grand-Duché de Luxembourg.