Astronomescht Ereegnes
Een astronomescht Ereegnes ass en Ereegnes, dat méi oder wéineger rar geschitt. Seng Ursaach läit baussenzeg vun der Äerd.
Eng Himmelserscheinung ass e visuelle Phenomeen um Himmel.
Déi meescht astronomesch Ereegnesser bezéie sech op Himmelskierper am Sonnesystem, resp. op déi, bei deenen ee vun de bedeelegte Kierper en Deel vun eisem Sonnesystem ass. Astronomesch Ereegnesser, déi net vu Kierper aus eisem Sonnesystems stamen, si meeschtens op verännerlech Stären zeréckzeféieren.
Als astronomescht Ereegnes bezeechent een och e puer Effekter bannenzeg vun der Äerdatmosphär, z. B. Liichterscheinungen, elektromagnéitesch Effekter oder Matière, déi aus dem Weltraum op d'Äerd trëfft.
Zu den Ereegnesser an der Astronomie zielen och déijeeneg, déi am visuelle Spektrum (Visuell Astronomie) net ze gesi sinn (z. B. am Gammastrale-Beräich) oder am weidere Sënn och déi, déi ze laang daueren, fir datt e Mënsch d'Ereegnes feststelle kann, wéi am Extremfall, eng Galaxienduerchdréngung (Dauer: e puer Millioune Joer).
Net all astronomescht Ereegnes ka virausberechent ginn.
Iwwersiicht iwwer astronomesch Ereegnesser
[änneren | Quelltext änneren]Ereegnesser, déi viraus gesot kënne ginn
[änneren | Quelltext änneren]- Konjunktiounen tëscht Sonn, Äerdmound, Planéiten, Asteroiden, periodesche Koméiten ënnereneen oder mat Stären, an aner Aspekter
- Transitten (Passagen, Bedeckungen): Okkultatiounen an Transitte vu Stären, Planéiten duerch d'Sonn (Merkurduerchgäng, Venusduerchgäng), den Äerdmound, Planéiten, Asteroiden oder periodesch Koméiten
- Op- an Ënnergäng, Dämmerungen, Wäiss Nuechten, Polardag an -nuecht
- Sonnendäischterten a Mounddäischterten,
- Duerchgank vun den Apsiden a Kniet vu Planéiten, Mound, Asteroiden oder periodesche Koméiten
- Hellegkeetsmaxima an Hellegkeetsminima vu periodesche verännerleche Stären
- Duebelstär-Duerchgäng an d'Beweegung vun Exoplanéiten
- An der Raumfaart och Rakéitestarten, Bunnmanöver oder Rendez-vousen
Astronomesch Ereegnesser, déi ee viraus soe kann, ginn an der Reegel an astronomesche Joerbicher publizéiert.
Ereegnesser, déi bedéngt viraus gesot kënne ginn
[änneren | Quelltext änneren]- no Rendezvousen an Aschléi, besonnesch vun Äerdnoen Objeten op d'Äerd: Meteoritten, Boliden a Stäreschnäize wieren zwar theoreetesch viraus ze gesinn, si praktesch awer wéinst hirer Gréisst an Heefegkeet nach net erfaasst. D'Erfaasse vu groussen äerdnoen Objete gëllt als een dréngleche Problem vun der moderner visueller Astronomie
- Erscheinunge vun der Äerdatmosphär, deenen hir onmëttelbar Ursaache bausse leien
- z. B. d'Dämmerung
- Maxima a Minima vun hallefreegelméisseg verännerleche Stären
- Photometeore (Liichterscheinungen):
- Nordliicht, Zodiakalliicht, Halo a Glorie, an aneres
- Elektrometeoren (elektromagnéitesch verursaachten optesch Erscheinungen), déi op Solarstierm an hire Nofollge berouen, och dës sinn d'Grenz vun der haiteger Viraussobarkeet (mat der SOHO-Sond kann op d'mannst e puer Minutte virausgewarnt ginn):
Ereegnesser, déi net virauszesoe sinn
[änneren | Quelltext änneren]- Netperiodesch Koméiten
- Novaen an Supernovaen
- Gammablëtzer (Gamma Ray Bursts)
- Eventuell extraterrestresch Signaler, wéi se vum SETI-Projet gesicht ginn
- Ereegnesser, déi nach ni do waren.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wolfgang Held: Sonnen- und Mondfinsternisse – und die wichtigsten astronomischen Konstellationen bis 2017. Verlag Freies Geistesleben, Stuttgart 2005, ISBN 3-7725-2231-9
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Astronomische Ereignisse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) http://www.himmelsereignisse.info/ – Die wichtigsten Himmelsereignisse von 2001 bis 2020