Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Bill Clinton

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bill Clinton
Funktioun
42. President vun den USA
20. Januar 1993 - 20. Januar 2001
Virgänger George H. W. Bush
Nofollger George W. Bush
Partei Democratic Party
Biographie
Gebuertsnumm William Jefferson Blythe III
Gebuer 19. August 1946
Bestuet mat Hillary Clinton

De William Jefferson "Bill" Clinton, gebuer als William Jefferson Blythe III. den 19. August 1946 zu Hope, am Arkansas, ass en US-amerikanesche demokratesche Politiker, a war vun 1993 bis 2001 den 42. President vun den Vereenegte Staate vun Amerika. Hien ass Member an der Demokratescher Partei.

E Schiet ass op seng zweet Amtszäit gefall duerch eng Affär mat senger Praktikantin Monica Lewinsky. Doropshi gouf eng Impeachment-Prozedur géint hien ageleet, déi awer keen Erfolleg hat. 1999 war hien haaptverantwortlech fir den NATO-Asaz am Kosovokrich géint déi deemoleg Bundesrepublik Jugoslawien (haut Serbien). Opgrond vun der Wirtschaftsentwécklung an Iwwerschëss am Sozialsystem konnt hien zum Schluss en ausgeglachene Budget presentéieren, wat déi éischt Kéier zanter 1969 de Fall war.

Hien ass Baptist an zanter 1975 mat der Hillary Clinton bestuet, mat där en d'Duechter Chelsea huet. Hie spillt Saxophon.

  • Between Hope and History, Times Books, New York, 1996
  • My Life, Vintage Books, New York, 2004
  • Giving: How each of us can change the world, Knopf, New York, 2007
  • Back to Work: Why We Need Smart Government for a Strong Economy., Knopf, New York, 2011
  • Sydney Blumenthal, The Clinton Wars
  • Noam Chomsky, The Attack – Hintergründe und Folgen, 2002
  • Joe Klein, Das Naturtalent – Die verkannte Präsidentschaft Bill Clintons, 2002
  • Howard Zinn, Eine Geschichte des amerikanischen Volkes, 2007
  • Ludovic Roy, Die Finanz- und Wirtschaftspolitik des US-Präsidenten William Jefferson Clinton 1993-2001, Marburg 2003
  • James T. Patterson, The Restless Giant. The United States from Watergate to Bush v. Gore, Oxford 2005
Commons: Bill Clinton – Biller, Videoen oder Audiodateien