Chamaeleon (Stärebild)
Date vum Stärebild Chamaeleon | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Chamäleon |
Laténgeschen Numm | Chamaeleon |
Laténgesche Geenitiv | Chamaeleontis |
Laténgesch Ofkierzung | Cha |
Positioun | um südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 7h 27m bis 13h 56m |
Deklinatioun | -75°15´ bis -15°30´ |
Fläch | 132 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 7° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
α Chamaeleontis 4,05m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Carina Volans Mensa Octans Apus Musca |
De Chamäleon ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Chamäleon ass een onschäinbart Stärebild an der Ëmgéigend vum südlechen Himmelspol. Et besteet aus enger Grupp vu Stären, vun deene kee méi hell ass, wéi déi 4. Gréissteklass.
D'Stärebild steet an enger relativ stärenaarmer Regioun an huet keng interessant niwweleg Objeten. Vun Europa aus ass et net ze gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Chamäleon gehéiert zu deenen 12 Stärebiller, déi vun den hollännesche Séifuerere Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman tëscht de Jore 1595 a 1597 agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säi Stärenatlas Uranometria opgeholl.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 4,05m | 80 | F6 IV | ||
γ | 4,11m | 250 | M0 III | ||
β | 4,24m | ||||
θ | 4,34m | 800 | B0 V | ||
δ2 | 4,45m | B3 | |||
ε | 4,88m | 300 | B9 + A0 | ||
κ | 5,04m | ||||
ζ | 5,07m | ||||
ι | 5,34m | ||||
ν | 5,43m | ||||
δ1 | 5,46m | K0 | |||
η | 5,46m | ||||
μ | 5,53m | ||||
π | 5,64m | ||||
9 | 6,05m | ||||
μ2 | 6,60m |
Den α Chamaeleontis, den hellste Stär am Chamäleon, ass ronn 80 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär mat der Spektralklass F6 an e liicht wäiss.
Den γ Chamaeleontis ass 250 Liichtjoer vun eis ewech a liicht rout. Seng Spektralklass ass M0.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
δ | 4,5m/5,5m | 265 " |
ε | 4,9m/6,5m | 135" |
De Stär δ1 an den δ1 gesinn, mat bloussem A gekuckt, aus wéi en Duebelstär. Tatsächlech si se net physikalesch matenee verbonnen, mä stinn zoufälleg optesch vun der Äerd aus gesinn zimmlech no beieneen.
Am Joer 2005 gouf am Stärebild Chamäleon e Planemo entdeckt. Den Objet krut d'Bezeechnung Cha 110913-773444 (Rektaszensioun: 11h 9m 13,63s Deklinatioun: −77°34′44,6″). Et ass fir e Brongen Zwerg ze kleng a kann dofir mat enger Mass vun aacht Jupitermassen als Planéit ouni Stär ugesi ginn. Ronderëm hien existéiert eng Stëbsscheif, an där sech Planéiten oder Mounden opbaue kënnen. Hien nëmmen 2 Millioune Joer al an ass ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. Aus der Diskussioun fir seng Anuerdnung goung de Fachbegrëff Planemo eraus.
Entdeckt gouf de Cha 110913-773444 mat dem Spitzer-Weltraumteleskop, dat de Kosmos am Beräich vum Infraroutliicht ënnersicht. Den US-Astronom Kevin Luhman hat schonn am Joer 2004 deen deemools klengste bekannte Brongen Zwerg entdeckt, deen och vun enger protoplanetarer Stëbsscheif ëmginn ass. Dëst Objet - OTS 44 – huet 15 Jupitermassen, a goung just nach als Stär duerch (Brongen Zwerg). De Cha 110913-773444 huet nëmmen d'Hallschent vun der Mass vum OTS 44.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chamaeleon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) www.wissenschaft.de: Kosmische Geburtswehen im Miniformat - Fuerscher: Am Stärebild Chamäleon entsteet vläicht ee winzegt Sonnesystem ëm ee Brongen Zwerg