Dierwiechter
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
En Dierwiechter och Huissier am Volleksmond och Kontrentendréier oder Leitsgeheier ass en Officier ministériel et public, deen e Service public leescht, andeems en de Monopol drop huet, bestëmmt Entscheedunge vu Geriichter matzedeelen an auszeféieren. Hie bréngt de Leit d'Convocatioune virun d'Geriicht an d'Akten no engem Urteel, an hëlleft, dëst Urteel ze vollstrecken. Ënner d'Vollstrecke vun Urteeler fält och d'Andreiwe vu Scholden. An deem Fall kann den Dierwiechter, nodeem en de Betraffene per Bréif iwwer de Geriichtsbeschloss informéiert huet an him e leschten Delai ginn huet fir d'Schold ze begläichen, eng Saisie vun ë. a. Miwwele maachen (d. h. beweeglech Gidder, deemno och Autoen oder Luxusgéigestänn, mat der Ausnam vun deem wat een als Minimum fir ze liewe brauch, wéi Bett, Dësch, Stull,...). Déi versteet hien dann op enger Zwangsstee (vente forcée).[1]
Aner Funktioune vum Dierwiechter sinn, e Constat ze maachen, dee viru Geriicht als "authentesch" ugesi gëtt (z. B. vum Zoustand vun engem Gebai, virun oder nodeem Schued duerch en Drëtten drun entstanen ass).
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]De Beruff vum Dierwiechter ass reglementéiert. Viraussetzung ass en ofgeschlossenen Droitsstudium, en zousätzlecht Joer am Lëtzebuerger Droit, an ee Joer Stage, deen e muss gepackt hunn. Duerno kann ee fir eng Plaz postuléiere wann eng fräi gëtt. D'Zuel vun den Dierwiechter ass nämlech op 19 limitéiert, déi op déi dräi Geriichtsbezierker verdeelt sinn.
An hirem Barème vun de Käschten ass festgeluecht, wéi vill se fir den Deplacement, den Enregistrement vun engem Akt (jee no Zuel vun de Säiten a Kopien) asw. froen däerfen.
Déi lëtzebuergesch Dierwiechter sinn an der Chambre des huissiers de justice federéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]René Link: L'huissier de justice au Luxembourg. Luxembourg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- huissier.lu, de Site vun der Chambre des huissiers de justice.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Angie Maquil: "Däi Recht als Bierger" Emissioun op 100komma7.lu, 19. Januar 2011.