Feng Bao 1
Feng Bao 1, kuerz: FB-1, (Stuerm 1) war eng chineesesch Drorakéit. Si gouf tëscht de Joren 1972 an 1981 benotzt.
D'Entwécklung vun der Feng Bao hat am Hierscht 1969 beim Büro Nr. 2 fir elektromechanesch Industrie zu Shanghai ugefaangen. Gläichzäiteg gouf zu Peking op der China Academy of Launch Vehicle Technology (CALT) aweroch un der Rakéit Laange Marsch 2 geschafft, déi 1974 hiren éischte Start hat a géint déi sech d'FB-1 net duerchsetze konnt.
Opbau
[änneren | Quelltext änneren]D'FB-1 war eng zweestufeg Flëssegdreifstoffrakéit op der Grondlag vun der Interkontinentalrakéit Dongfeng 5. Si hat eng Héicht vun 33 m, en Duerchmiesser vun 3,35 m an eng Mass vun 192 t.
Éischt Stuf | Zweet Stuf | |
---|---|---|
Mass (brutto) | 150 t | 38,3 t |
Dreifwierker | 4 × YF-20A | 1 × YF-22 und 4 × YF-23 |
Schub | 3000 kN | 761,9 kN |
Spezifeschen Impuls | 289 s | 295 s |
Brenndauer | 128 s | 127 s |
Dreifstoff | N2O4/UDMH |
Betrib
[änneren | Quelltext änneren]Den éischte suborbitalen Testfluch war den 10. August 1972. Als Notzlaaschte waren Opklärungssatellitte vum Typ JSSW virgesinn, déi lescht béid Starte hate Fuerschungs- a Kommunikatiounssatellitte vum Typ Shi Jian u Bord.
All d'Starte waren op der Startplaz LA-2B vum Kosmodrom Jiuquan.
Lauf. Nr. | Datum, Auerzäit (UTC) | Serienummer | Notzlaascht | COSPAR-Bezeechnung | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|
1 | 10. August 1972, 00:32 | 701-02 | Shiyan Peizhong | 1972-S281 | Suborbitalen Test vun 200 km Héicht |
2 | 18. September 1973, 12:12 | 701-03 | JSSW 1 | 1973-F07 | Feelschlag |
3 | 12. Juli 1974, 13:55 | 701-04 | JSSW 2 | 1974-F05 | Feelschlag Rakéit hat seng Stabilitéit verluer an hat misse gesprengt ginn |
4 | 26. Juli 1975, 13:30 | 701-05 | JSSW 3 | 1975-050 | Erfolleg |
5 | 16:Dezember 1975, 09:21 | 701-06 | JSSW 4 | 1975-119 | Erfolleg |
6 | 30. August 1976, 11:45 | 701-07 | JSSW 5 | 1976-087 | Erfolleg |
7 | 10. November 1976, 09:05 | 701-08 | JSSW 6 | 1976-F03 | Feelschlag |
8 | 14. September 1977, 00:15 | 701(II)-01 | 1977-S246 | Suborbitalen Test aus 200 km Héicht | |
9 | 15. Abrëll 1978, 16:39 | 701(II)-02 | 1978-S112 | Suborbitalen Test aus 200 km Héicht | |
10 | 27. Juli 1979, 21:28 | XCZ-1-02 | Shi Jian 2 | 1979-F02 | Feelschlag Versoe vun der zweeter Stuf |
11 | 19. September 1981, 21:28 | XCZ-1-02 | Dräi Satellitte vum Typ Shi Jian: SJ 2 / SJ 2A / SJ 2B |
1981-093 | Erfolleg |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Encyclopedia Astronautica: FB-1
- (en) Gunter’s Space Page: FB-1 (Feng Bao-1)