Franséisch Süd- an Antarktisgebidder
Ausgesinn
Franséisch Süd- an Antarktisgebidder | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch | ||||
• Koordinaten: | 43° 0’ 0’’ S 67° 0’ 0’’ E | ||||
Staatsform: | Iwwerséigebitt mat besonneschem Status | ||||
Fläch: | 7.829 km² | ||||
Bevëlkerung: | 196 | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +4, +5, +10 | ||||
Internet TLD: | .tf | ||||
D'franséisch Süd- an Antarktisgebidder (franséisch: Terres australes et antarctiques françaises, ofgekierzt TAAF), sinn e franséischt Iwwerséigebitt mat besonneschem Status (Collectivité sui generis).
Den Territoire besteet aus fënnef verschiddenen Distrikter :
- Crozetinselen,
- Kerguelen,
- Verspreet Inselen am Indeschen Ozean,
- Sankt Paul an Amsterdam,
- Adélieland.
D'franséisch Süd- an Antarktisgebidder leien all am südlechen Indeschen Ozean ausser dem Adélieland, dat am Antarkteschen Ozean, direkt südlech vum Indeschen Ozean läit.
Déi dräi historesch Distrikter (Crozet, Kerguelen, Sankt Paul an Amsterdam) begräifen hautdesdaags dat gréisst Naturschutzreservat vu Frankräich an ee vun de gréisste Mieresschutzgebitter vun der Äerd. De Perimeter vum Naturschutzgebitt steet zanter dem 5. Juli 2019 op der UNESCO Lëscht vum Weltierwen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Franséisch Süd- an Antarktisgebidder – Biller, Videoen oder Audiodateien |