Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Ganges (Floss)

Vu Wikipedia
De Ganges a seng Nieweflëss

De Ganges (Sanskrit, f.,गंगा oder गङ्गा, Gaṅga) ass en 2.511 km laange Floss resp. Stroum an Indien an am Bangladesch (Asien). Et ass den hellege Floss vun den Hinduen.

De Ganges entsteet am indesche Garhwal (am Südweste vum Himalaya) duerch den Zesummefloss vum Alaknanda a vum Bhagirathi.

Vun do u fléisst e meeschtens a südëstlecher Direktioun duerch Indien an d'Bengalescht Déifland. Do leeft en dann an de Bangladesch, wou e mam Jamuna, dem Haaptaarm vum Brahmaputra zesummeleeft a vun do u Padma heescht. Zesumme mam dem Meghna mécht en d'Gangesdelta vun enger Längt vun ongeféier 350 km, ee vun de gréisste Mëndungsdeltaen op der Welt. Do gëtt et grouss Mangrovesuppen, déi do Sundarbans genannt ginn. De Meghna leeft dann an de Golf vu Bengalen, deemno an den Indeschen Ozean.

Et ass méiglech, mat Schëffer um Ganges ze fueren, mä dëst huet keng grouss Bedeitung fir de Verkéier allgemeng. De Ganges huet e Baseng vun 1.016.104 km². Wichtegst Stied um Ganges si Kanpur, Varanasi, Patna, Kalkutta a Khulna.

Fir déi meescht indesch Reliounen ass d'Ganga, wéi d'Inder de Ganges nennen, helleg. Dora buede soll d'Leit vun hire Sënne propper wäschen an hinnen Absolution verspriechen. Vill Hindue wëllen am léifste beim Ganges stierwen, soudatt hir Äsche kënnen an de Floss gestreet ginn.

Am Ganges liewen déi seele Gangesdelfinen an och de Gangeshai. Vu béiden ass wéineg bekannt.

Pilger beim Ganges

De Ganges ass staark verknascht: All Dag ginn 1,2 Mrd. Liter gëfteg Egoûten drageleet, eleng déi vu Kolkata, déi iwwer de Gangesaarm Hugli eralafen, maachen 320 Mio. Liter aus. En ass 2000-mol méi mat Kolibakterie belaascht, wéi dat an Indien erlaabt ass, an och héich Konzentratioune vun Cyaniden, Arsenen, Bläi, Zénk, Chrom a Quecksëlwer sinn dran ze fannen. Do derbäikommen Exkrementer a Reschter vu Läichen, sou wéi Cholera- an Typhusbazillen.

1985 huet déi indesch Regierung en Aktiounsplang (Ganga Action Plan)[1], an d'Liewe geruff, fir de Floss méi propper ze kréien. Et goufe vill Milliounen US$ ausginn, fir Kläranlagen ze bauen, mä dës funktionéieren net oder schlecht, well keng Sue méi do si fir hire Betrib. Waasseranalyse weisen, datt sech net vill geännert huet.

Déi grouss Stied laanscht de Ganges huele 70 Prozent vun hirem Drénkwaasser aus dem Floss.

Commons: Ganges (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ganga Action Plan