Germaine Damar
Germaine Damar | |
---|---|
Gebuertsnumm | Germaine Haeck |
Gebuer |
31. August 1929 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Zirkusartist, Filmschauspiller |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Georg Thomalla |
D'Germaine Damar, gebuer den 31. August 1929 zu Péiteng als Germaine Haeck, ass eng lëtzebuergesch Filmschauspillerin. Eng Zäitchen huet si och de Kënschtlernumm Ria Poncelet ugeholl. No hirem Bestietnes huet se och den Numm vun hirem Mann gedroen (Germaine Haeck-Toporow).
Am Turnveräi vun Nidderkuer huet d'Germaine Haeck hir éischt Schrëtt fir hir spéider Karriär geléiert. Wéi d'Nazien den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat hunn, ass d'Famill Haeck a Frankräich geflücht. Si sinn zu Paräis bei Famill ënnerkomm.
Do huet d'Germaine Damar hiert kënschtlerescht Talent weiderentwéckelt. Mat hirer Schwëster Geny an hirem fréieren Turnléiermeeschter Atilio Bariviera ass si als Trio Delux zu Paräis opgetrueden. No an no gouf hir Akrobatiksnummer bekannt a si sinn am Alhambra an am Bobino opgetrueden.
Nieft der Akrobatik huet d'Germaine Damar zu Paräis och nach Ballet geléiert.
Nom Krich ass si mat hirer Schwëster Sylvie an där hirem Mann als Trio Vialine opgetrueden, ënner anerem zu Kairo virum Kinnek Faruk. Zu Kairo huet si d'Sängerin a Schauspillerin Zarah Leander kennegeléiert. Duerch d'Zarah Leander konnt d'Germaine Damar den 10. Mee 1952 Proufopname fir den Herzog Filmverleih maachen.
Am selwechte Joer huet si hiren éischte Film gedréint. Si krut direkt d'Haaptroll am Revuefilm Tanzende Sterne.
Fir de Film huet si hiren Numm Germaine Haeck a Germaine Damar emgeännert. Si gouf am Ufank als franséisch Dänzerin virgestallt bis Journalisten erausfonnt haten, datt si Lëtzebuergerin wier.
D'Germaine Damar ass an hire Filmer besonnesch als Dänzerin opgefall a si huet bal nëmmen a Revuen an a Gesangsfilmer matgespillt.
Mam Willy Birgel huet d'Germaine Damar och an engem Theaterstéck matgespillt.
1956 huet d'"Académie de danse Germaine Damar" hir Dieren zu Esch opgemaach.
Duerch de Film Die Beine von Dolores gouf si an Argentinie sou bekannt, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Fernseeshow hat.
Bis 1961 huet d'Germaine Damar ee Film nom anere gedréint. Dunn huet si hire spéidere Mann, de Roman G. Toporow, kennegeléiert an huet 1964 no engem leschte Film a Spuenien de Schauspillerberuff opginn.
Zanter dem Doud vun hirem Mann 1994, lieft d'Germaine Damar mat hirem Jong, dem Roman M. Toporow (gebuer am November 1966), zu Fort Lauderdale a Florida (USA).
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- Tanzende Sterne (1952), vum Géza von Cziffra mam Georg Thomalla an Axel von Ambesser
- Südliche Nächte (1953), vum Robert A. Stemmle mam Margit Saad a Waltraut Haas
- Schlagerparade (1953), vum Erik Ode mam Walter Giller a Nadja Tiller
- König der Manege (1953), vum Ernst Marischka mam Rudolf Schock an Elma Karlowa
- An jedem Finger zehn (1954), vum Erik Ode mam Loni Heuser a Walter Giller
- Wunschkonzert (1:0 für Sie) (1955), vum Erik Ode mam Renate Holm a Paul Dahlke
- Die Drei von der Tankstelle (1955), vum Hans Wolff mam Adrian Hoven a Walter Müller
- Symphonie in Gold (1955), vum Franz Antel mam Joachim Fuchsberger a Susi Nicoletti
- Mädchen mit schwachem Gedächtnis (1956), vum Géza von Cziffra mam Peter Weck a Rudolf Platte
- Zu Befehl, Frau Feldwebel (1956), vum Georg Jacoby mam Michael Cramer an Oskar Sima
- Der schräge Otto (1956), vum Géza von Cziffra mam Walter Giller a Gunther Philipp
- 7mal in der Woche (1957), vum Harald Philipp mam Vico Torriani an Hubert von Meyerinck
- Weisser Holunder (1957), vum Paul May mam Carl Möhner a Willy Hagara
- Der Kaiser und das Wäschermädel (1957), vum Ernst Neubach mam Grethe Weiser a Peter Weck
- Der Graf von Luxemburg (1957), vum Werner Jacobs mam Gerhard Riedmann a Renate Holm
- Die Beine von Dolores (1957), vum Géza von Cziffra mam Claus Biederstaedt an Theo Lingen
- Tabarin (1958), vum Richard Pottier mam Michel Piccoli a Sonja Ziemann
- Rivalen der Manege (1958), vum Harald Philipp mam Claus Holm an Helmut Schmid
- So ein Millionär hat's schwer (1958), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander an Elga Andersen
- Scala - total verrückt (1958), vum Erik Ode mam Claus Biederstaedt a Rudolf Platte
- Peter schiesst den Vogel ab (1959), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander a Maria Sebaldt
- 1000 Sterne leuchten (1959), vum Harald Philipp mam Toni Sailer an Harald Juhnke
- Salem Aleikum (1959), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander a Rudolf Platte
- Glück und Liebe in Monaco (1959), vum Hermann Leitner mam Claus Biederstaedt a Grace Kelly
- Sérénade au Texas (1959), vum Richard Pottier mam Luis Mariano a Bourvil
- Gaunerserenade (1960), vum Thomas Engel mam Fred Bertelmann a Chris Howland
- Cariño mio (Die Liebe ist ein seltsames Spiel) (1961), vum Rafael Gil mam Vicente Parra a Marianne Hold
- Escala in Hi-Fi (1964), vum Isidoro M. Ferry
Documentaire iwwer d'Germaine Damar
[änneren | Quelltext änneren]- Germaine Damar - Der tanzende Stern (2011), vum Michael Wenk. Eng Produktioun vum Centre national de l'audiovisuel (CNA), Luxembourg. (Dokumentarfilm)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[1]
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Centre national de l'audiovisuel, 1995. Germaine Damar, ein luxemburger Star im deutschen Kino der 50er Jahre.
- Seil, G. Hommage à Germaine Damar, d'Letzeburger Land, 13.01.1995, S. 11
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Au jour le jour d'Letzeburger Land, 27.07.1984, S. 4