Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Henri Demuth

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri Demuth
Gebuer 4. Februar 1884
Schëndels
Gestuerwen 20. Abrëll 1961
Millebaach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée des arts et métiers,
École nationale supérieure des arts décoratifs
Aktivitéit Sculpteur

Den Henri Demuth, gebuer de 4. Februar 1884 zu Schëndels,[1], a gestuerwen den 20. Abrëll 1961 an der Millebaach[2] war e lëtzebuergesche Sculpteur.

No der Handwierkerschoul ass hien zu Paräis op d'École nationale supérieure des beaux-arts gaangen.[3] Hie war du Chargé de Cours an der Handwierkerschoul, an duerno war hien do vun 1931 bis 1946 Professer.[4],[5]

1925 huet hien op der Weltausstellung zu Paräis ausgestallt[6], souwéi 1926 um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg[7].

Zesumme mam Ernest Grosber huet hien de Fiisschen (1931-1932) um Knuedler sculptéiert a mam Léon Nosbusch huet hien den Aadler (1955-1957) vum Monument zu Duelem realiséiert.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Gemeng Miersch: Gebuertsregëster 1884 Nr 11.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21. Abrëll 1961.
  3. Prüfungen", Obermosel-Zeitung, 5. August 1904.
  4. Avis vun der Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 22 vum 2. Mee 1931, S. 375
  5. Avis publizéiert am Mémorial N° 41 vum 14. September 1946, S. 671
  6. "Participation du Luxembourg", Luxemburger Wort, 23. Januar 1926.
  7. Jos Welter (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  8. Moia, Nelly, 2005. Mascarons de Luxembourg. Polyprint, Esch-sur-Alzette, S. 14 a S. 28. (Link)