Hydrus (Stärebild)
Date vum Stärebild Hydrus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | kleng Waasserschlaang |
Laténgeschen Numm | Hydrus |
Laténgesche Geenitiv | Hydri |
Laténgesch Ofkierzung | Hyi |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 0h 05m bis 4h 36m |
Deklinatioun | -58° 00´ bis -82° 05´ |
Fläch | 243 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 8° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Stäre mat Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Hydri, 2,82m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Reticulum Horologium Eridanus Tucana Octans Mensa Dorado |
Déi Kleng Waasserschlaang, laténgesch: Hydrus, och Südlech Waasserschlaang oder Männlech Waasserschlaang genannt, ass e Stärebild um Südleche Stärenhimmel.
Beschreiung
[änneren | Quelltext änneren]Déi Kleng Waasserschlaang ass keen opfällegt Stärebild. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass. Et fënnt een d'Stärebild südlech vum hellen Achernar, dem südlechste Stär vum Eridanus. D'Stärebild läit tëscht der Grousser Magellanescher Wollek (LMC) an der Klenger Magellanescher Wollek (SMC).
D'Hydrus ass vun Europa aus net ze gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Hydrus gehéiert zu deene Stärebiller, déi Ennn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si am Joer 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.
Si ass dat südlecht Géigestéck vun der nërdlecher oder „weiblecher“ Hydra (Waasserschlaang).
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β Hydri | 2,82m | 24,4 | G1 IV | ||
α Hydri | 2,86m | 71 | F0 V | ||
γ | 3,26m | 150 | M1 III | ||
δ | 4,08m | ||||
ε | 4,12m | ||||
η2 | 4,68m | 217 | G8 III | ||
ν | 4,76m | ||||
ζ | 4,83m | ||||
λ | 5,09m | ||||
μ | 5,27m | ||||
ι | 5,51m | ||||
θ | 5,51m | ||||
π1 | 5,57m | ||||
π2 | 5,67m | ||||
κ | 5,99m | ||||
τ2 | 6,05m | ||||
σ | 6,15m | ||||
τ1 | 6,33m |
De β Hydri ass mat enger kuerzer Distanz vu 24,4 Liichtjoer ee vun deenen nooste Stäre bei eiser Sonn. Et ass e giele Stär mat der Spektralklass G1 IV. Hien huet eng änlech Masse wéi eis Sonn, ass awer mat engem Alter vu ronn 7 Milliarde Joer méi wäit entwéckelt an huet sech op en Duerchmiesser vun iwwer 2 Millioune Kilometer opgeblosen.
Den α Hydri läit 71 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass F0 V.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hydrus – Biller, Videoen oder Audiodateien |