Ierpeldeng (Ettelbréck)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ierpeldeng bei Ettelbréck. Fir aner Uertschaften, déi sou heeschen, kuckt wgl. Ierpeldeng. |
Ierpeldeng | |
---|---|
Vue op Ierpeldeng | |
An anere Sproochen |
fr: Erpeldange-sur-Sûre de: Erpeldingen-an-der-Sauer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Ierpeldeng op der Sauer |
Buergermeeschter | Claude Gleis |
Awunner | 1.095 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 51’ 46’’ N 06° 06’ 46’’ O |
Ierpeldeng ass eng Uertschaft am Kanton Dikrech an Haaptuert vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Ierpeldeng läit am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun ongeféier 200 m. Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Géigend vun Ierpeldeng war schonn zu gallo-réimeschen Zäite bewunnt. Op Angelduerfer Terrain, net wäit weg vum Zesummefloss vu Sauer an Uelzecht, weise Spueren op e réimesche Castrum hin. Wéi vill Dierfer, deenen hiren Numm op "-ingen" endegt, gouf Ierpeldeng (Erpeld-ingen) tëscht dem 6. an dem 9. Joerhonnert gegrënnt, wéi d'Franke sech an eiser Géigend néiergelooss hunn.
Ierpeldeng daucht fir d'éischt a schrëftlecher Form an engem Akt vun 1247 op, wou d'Rittere Frédéric a Gérard vun Ierpeldeng genannt ginn.
Ierpeldenger Schlass
[änneren | Quelltext änneren]D'Ierpeldenger Schlass gouf am 12. Joerhonnert als Waasserbuerg gebaut. Haut ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ierpeldenger Schlass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Parkierch vun Ierpeldeng
- FC 72 Ierpeldeng
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Ierpeldeng
- Syvicol
- Websäit vum Club des Jeunes Ierpeldeng
- Websäit vun der Concordia Ierpeldeng
- D'Gesetz iwwer d'Kreatioun vun de Gemenge Schieren an Ierpeldeng Loi du 22 janvier 1850 qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange