Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Jean-Paul Sartre

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Paul Sartre
Gebuertsnumm Jean-Paul Charles Aymard Sartre
Pseudonym Jacques Guillemin
Gebuer 21. Juni 1905
Paräis
Gestuerwen 15. Abrëll 1980
14. Arrondissement
Doudesursaach Ödeem
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV,
École normale supérieure,
Cours Hattemer,
Lycée Louis-le-Grand,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Dramatiker, Epistemolog, Romancier, Dréibuchauteur, Biograph, Literaturkritiker, Essayist, Resistenzler, Politesche Schrëftsteller, Schrëftsteller, Philosoph, Friddensaktivist, Publizist, Intellektuellen, Liddertexter
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Simone de Beauvoir, Michelle Vian, Wanda Kosakiewicz, Olga Kosakiewicz
D'Simone de Beauvoir, de Jean-Paul Sartre an den Ernesto Che Guevara 1960 op Kuba

De Jean-Paul Sartre, gebuer den 21. Juni 1905 zu Paräis, an do gestuerwen de 15. Abrëll 1980, war e franséische Philosoph, Schrëftsteller an Nobelpräisdréier fir Literatur.

Hie gëllt als Virdenker an Haaptvertrieder vum Existenzialismus an Haaptfigur vun de franséischen Intellektuelle vum 20. Joerhonnert. Zanter sengem 25. Liewensjoer war hie mat der Simone de Beauvoir zesummen.

1964 krut de Sartre den Nobelpräis fir Literatur unerkannt. Hien hat awer schonn Virfeld seng Ofso ugekënnegt, an dës dann an enger Pressekonferenz am Literaturcafé "Café de Flore" am 6. Paräisser Arrondissement och confirméiert. Hie wollt domat onofhängeg bleiwen. Well eng Ofso vum Präis an de Statuten awer net virgesinn ass, gëllt hien trotzdeem als Präisdréier vum Nobelpräis.

Commons: Jean-Paul Sartre – Biller, Videoen oder Audiodateien