Laurent Kopriwa
Ausgesinn
Laurent Kopriwa | |
---|---|
Gebuer | 14. Dezember 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballschiidsriichter, Steierberoder |
De Laurent Kopriwa, gebuer de 14. Dezember 1983, ass e lëtzebuergesche Foussballsarbitter. Hien ass bei der Résidence Walfer lizenzéiert an huet 2001 mam Arbitrage ugefaangen. Haaptberufflech ass hie Steierberoder.
Hien ass zanter 2012 FIFA-Schidsriichter an ass an der UEFA Kategorie 3 klasséiert.
Wéinst Austauscher päift hien och reegelméisseg Matcher an der Proximus League an der Belsch, an der Regionalliga West an Däitschland an an der malteesescher Premier League.
Hien huet bis Januar 2020 méi wéi 145 Matcher an der BGL Ligue an ëm déi 55 Matcher an der Éierepromotioun gepaff.
National Finallen
[änneren | Quelltext änneren]Datum | Match | Resultat | Kompetitioun | Spektateuren |
---|---|---|---|---|
31,07.2016 | F91 Dudelange - US Mondorf-les-Bains | 1-0 | Coupe de la Ligue | 645 |
31.05.2015 | F91 Dudelange - FC Deifferdeng 03 | 3-4 n.E. | Coupe de Luxembourg | 2.566 |
International
[änneren | Quelltext änneren]Datum | Plaz | Spill | Resultat | Kompetitioun | giel Kaart | giel/rout Kaart | rout Kaart |
---|---|---|---|---|---|---|---|
15. August 2012 | Reykjavik, Island | Island – Färöer | 2 – 0 | Frëndschaftsmatch | 4 | 0 | 0 |
21. Mee 2014 | Vaduz, Liechtenstein | Liechtenstein – Wäissrussland | 1 – 5 | Frëndschaftsmatch | 6 | 0 | 0 |
2. Juni 2017 | Belfast, Nordirland | Nordirland – Neiséiland | 1 – 0 | Frëndschaftsmatch | 1 | 0 | 0 |
9. Oktober 2017 | Strumica, Mazedonien | Nordmazedonien – Liechtenstein | 4 – 0 | Qualifikatiounsmatch UEFA Weltmeeschterschaft 2018 | 4 | 0 | 0 |
11. November 2017 | Saint-Leu-la-Forêt, Frankräich | Komoren – Madagaskar | 1 – 1 | Frëndschaftsmatch | 6 | 0 | 0 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Arbitrage : déjà un successeur pour Alain Hamer?" lequotiduen.lu, 28/02/17.
- Matcher vum Laurent Kopriwa op worldreferee.com.