Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Mars Klein

Vu Wikipedia
Mars Klein
Gebuer 8. Dezember 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Lycéesprofesser

De Mars Klein, gebuer den 8. Dezember 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur.

Hien huet Literatur a Sproochwëssenschaft studéiert an dono, ausser 1985-1995 als Attaché am Kulturministère, als Sproocheprofesser am Enseignement geschafft.

Hien huet, tëscht 1978 an 1982 Joren eleng, an dann neess, vun 2012 un als Ensembel "KMK", (2012 mam Claude Mangen a Rudi Schubert, 2016 an 2020 mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach) Cabaretsprogrammer gemaach.

Donieft huet hie feuilletonistesch a journalistesch Aarbechten iwwer d'Lëtzebuerger Gesellschaft, hir Geschicht, Sprooch a Kultur, publizéiert. Hien huet och Reesliteratur geschriwwen, an a villen Zäitschrëfte wéi Galerie, Lëtzebuerger Almanach, Le Phare, Revue an Tageblatt, seng Texter verëffentlecht.

  • Kleinvaterland - mein Stück aus diesem Testament. Kabaretstexter 1978-1981.
  • USA - das ganz andere Europa. Rees-Impressiounen. 1984.
  • Heimat im Gepäck. Feuilletonen, mat Zeechnunge vum Marc Haller, Publications mosellanes, 1991.
  • 1775-1995. Die Luxemburger in der Welt - Le tour du Monde des Luxembourgeois. Ein Lesebuch der Luxemburger Reiseliteratur. Erausginn a kommentéiert vum Mars Klein. 1995.
  • Scherz & Scherben. Ein widerborstiges Abecedarium, Le Phare, Esch/Alzette, 1995,
  • Ortswechsel - Reisebilder, Éditions ARTHESIS, 1999.
  • Luxemburg, Menschen und Landschaften, Texte von Goethe bis heute, 2001, 240 S.
  • Die Sprachzirkuspferdchen, Heitere Reim, Wortspiele & Bonmots, 2001, 96 S.
  • Die schönsten Literatur.Denkmale in Europa, Kommentierte Anthologie, mit 250 Fotos des Autors, 2007, 176 S.
  • Ruhm & Größe in Bronze und Stein. Ein literarischer Spaziergang durch Europa mit Mars Klein, Le Phare, Esch/Alzette, 2007, ISBN 978-2-87964-098-3
  • Austritt einer leichten lyrischen Kavallerie, Vermischte Miniaturen, 2009, 96 S.
  • Pferdchen mach Männchen, Ein Patchwork, 2017, 192 S.
  • Wat d'Hémecht war, Kommentéiert Lëtzebuerger Gedichter vun 1800 bis haut, 2017, 192 S.
  • Séier lafen oder schwéier schaffen, Aus dem Päerd sénger Geschicht mam Mënsch, 2019, 240 S.
  • Samthandschuh war nicht, Die Kabarett-Texte 1978-2020, 2021, 192 S.
  • Wat eriwwer ass nët alles eriwer, Billeraus jonke Joeren 1950-1970, 2022, 192 S.
  • wéi de Mënsch ass, Lëtzebuergesch Gedichter vum 20. Joerhonnert, 2023, 184 S.
  • Beherztes Gescherztes, Abeceedarium eines Feuilletonisten, éditions arthesis, Howald, 2023, 216 S.