Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Messier 2

Vu Wikipedia
Messier 2
Opnam vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Aquarius (Aqr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 21h 33m 27s
Deklinatioun −00° 49' 20"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass II
Visuell Magnitude 6,3m
Wénkelduerchmiesser 16,0'
Stären 150.000
Physikalesch Donnéeën
Distanz   36.200(Lj)
Integréierte Spektraltyp   F4
Routverrécklung  (−22 ± 7) ∙ 10−6
Radialvitess  −6,7 km/s
Absolutten Duerchmiesser  150 Lj
Geschicht
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  2
NGC  7089
C   2130-010
GCl  121

Messier 2 (M2) (och NGC 7089) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Aquarius. Am Messier-Katalog huet hien d'Nummer M 2.

M 2 gouf den 11. September 1746 vum Maraldi entdeckt. 14 Joer méi spéit (1760) entdeckt de Charles Messier de Stärekoup onofhängeg nees nei.

Am Kugelstärekoup huet 1897 de franséischen Astronom A. Chèvremont e verännerleche Stär vum RV Tauri Typ entdeckt.

De Kugelstärekoup ass „ee vun deene kompakteste Kugelstärekéip“ (Burnham). E weist eng däitlech Elliptizitéit.

De Kugelstärekoup steet vun der Äerd aus gekuckt däitlech hanner dem galakteschen Zentrum.

Portal Astronomie

Commons: Messier 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien