Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Monique Elvinger

Vu Wikipedia
Monique Elvinger
Gebuertsnumm Monique Anne Louise Goerens
Gebuer 19. November 1923
Gent
Gestuerwen 12. Februar 2015
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

D'Monique Anne Louise Elvinger-Goerens, gebuer den 19. November 1923 zu Gent, a gestuerwen den 12. Februar 2015 an der Stad Lëtzebuerg, war eng belsch-lëtzebuergesch Molerin.[1]

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

D'Monique Goerens ass an der Belsch gebuer. Si huet zu Bréissel op der Académie royale des Beaux-Arts an um Institut supérieur des arts décoratifs studéiert an am Atelier vum Charles Counhaye geschafft.[2] Si ass dunn op Lëtzebuerg geplënnert, wou se sech mam François Elvinger bestuet huet. Ee Joer drop krut si duerch Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[3]

D'Elvinger-Goerens huet am Ufank figurativ gemoolt, méi spéit harmonesch, net-figurativ, geomeetresch Uelegbiller.[2] Virun hirem Bestietnes, tëscht 1948 an 1949, hat si schonn eng Rëtsch Solo-Ausstellungen zu Bréissel. Zu Lëtzebuerg gouf si 1951 Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg,[4] an huet op senge Salonen ausgestallt.[5] Do dernieft huet si zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt an hat 1987 eng Solo-Ausstellung an der Galerie Simoncini an der Stad Lëtzebuerg.

D'Monique Elvinger ass den 12. Februar 2015 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Monique Goerens-Elvinger", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. 2,0 2,1 Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxemburg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 77-78; Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6, S. 70.
  3. "Avis : Indigénat", Mémorial, 6. Oktober 1953, S. 1226.
  4. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  5. Kuckt ë.a.: Jos Walentiny, "Le Salon du Cercle artistique de Luxembourg", Luxemburger Wort, 14. Oktober 1978; Jos Walentiny, "La mi-figuration et l’abstraction", Luxemburger Wort, 19. Oktober 1979; Jos Walentiny, "Le Salon 1980 du Cercle artistique de Luxembourg", Luxemburger Wort, 18. Oktober 1980 (digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik).
  6. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 14. Februar 2015.

Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vun (nl)Monique Elvinger; Auteure bis dohin (9.12.2024) stinn do am Historique.