Paul Wild
Paul Wild | |
---|---|
Gebuer | 5. Oktober 1925 |
Gestuerwen |
2. Juli 2014 Bern |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun |
ETH Zürich, Universitéit Zürich |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
De Paul Wild, gebuer de 5. Oktober 1925 zu Wädenswil, a gestuerwen den 2. Juli 2014 zu Wabern bei Bern[1], war e Schwäizer Astronom, dee jorelaang als Professer - vun 1980 bis 1991 als Direkter vum Astronomeschen Institut - op der Universitéit Bern geschafft huet. Ausserdeem war hien Dokter vun der Philosophie an Naturwëssenschaft souwéi President vun der Fritz-Zwicky-Stëftung.
Am Zimmerwald-Observatoire bei Bern huet de Wild am Laf vu senger Karriär 94 Asteroiden, entdeckt, dorënner och e puer äerdno Asteroiden, a siwe Koméiten. Seng wichtegst Entdeckung ass de periodesche Koméit Wild 2 (offiziell Bezeechnung: 81P/Wild), deen de Wild de 6. Januar 1978 als Éischte gesinn huet. Dee Koméit gouf vun der NASA als Zil fir d'Stardust-Missioun ausgewielt. D'Raumsond huet virun allem Stëbspartikele vum Koméit agefaangen an op d'Äerd zeréckbruecht.
D'Raumsond ass de 15. Januar 2006 op d'Äerd zeréckkomm.
Den Asteroid (1941) Wild gouf no him genannt.
An Australien dréit den Observatoire wou den Australia Telescope Compact Array steet säin Numm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Paul Wild – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Swissinfo - Paul Wild u. die Raumsonde "Stardust"
- Andreas Verdun: Wild, Paul. Historesche Lexikon vun der Schwäiz
- (en) Bréif vum Paul Wild zum Koméit Wild 2 op der Missiounssäit vum Jet Propulsion Laboratory
- Observatorium Zimmerwald vum astronomeschen Institut vun der Universitéit Bern
- Urs Tremp: Ein Licht trägt seinen Namen. Noruff, NZZ am Sonntag, 10. August 2014
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Simon Gsteiger: Ein Stern ist erloschen, Der Bund, 30. Juli 2014.