Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Percival Lowell

Vu Wikipedia
Percival Lowell
Gebuer 13. Mäerz 1855
Boston
Gestuerwen 12. November 1916
Flagstaff
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Geschäftspersoun, Schrëftsteller, Entreprener, Diplomat
Member vun American Academy of Arts and Sciences
De Lowell bei senger Mars-Observatioun

De Percival Lowell, gebuer den 13. Mäerz 1855, a gestuerwen den 12. November 1916, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie staamt aus enger vun de räichsten an ugesinnste Patrizierfamillje vu Boston. Seng Schwëster Amy Lowell war eng berüümt Dichterin, a säi Brudder Abbott Lawrence Lowell war President vun der Harvard Universitéit.

Dem Lowell säin Intressi fir d'Astronomie gouf duerch d'Planéitenobservatioune vum Giovanni Schiaparelli erhéicht, besonnesch awer duerch deem seng Entdeckung vun de "Marskanäl" bei der Oppositioun vum Joer 1877. Ausgeléist duerch joreszäitlech Verwerfungen um Mars entstoung doduerch beim Lowell a beim Camille Flammarion d'Virstellung, d'Kanäl ("Canali") kéinte kënschtlech Kanäl fir d'Bewässerung vum dréchene Roude Planéit sinn.

Dës Meenung ass vun de Medie grouss opgeholl a weider gesponne ginn, an et entstoungen d'"Marsianer"-Manien an eng Rei vu Science-Fiction-Literatur. Eréischt duerch d'Raumsonden aus den 1960er-Jore goufen d'Canali als kënschtlech Struktur widderluecht.

Fir d'Planetologie ze begënschtegen, huet de Lowell am Joer 1894 de Lowell-Observatoire zu Flagstaff, Arizona gegrënnt, wou intensiv Studië vum Mars, der Venus an den anere Planéite souwéi vun der Mëllechstrooss gemaach goufen. 1930 gouf do den Pluto entdeckt a krut - aus duebelem Grond – d'Ofkierzung "PL".

Zimmlech séier hat de Lowell aus sengem Hobby eng erfollegräich Wëssenschaft gemaach. Et war him gelonge ganz gutt Fachleit (z. B. den A. E. Douglass) fir säin Institut ze gewannen. Bis haut huet säin Observatoire en ausgezeechente Ruff a beschäftegt sech am Ament mat der Asteroidefuerschung.

Portal Astronomie

Commons: Percival Lowell – Biller, Videoen oder Audiodateien