Psi (Buschtaf)
Ausgesinn
De Psi (griichesche Neutrum Majuskel Ψ, Minuskel ψ) ass den 23. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vu 700.
Psi am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- Psi ass d'Symbol vun der Psychologie.
- An der Quantemechanik bezeechent Ψ eng Wellefunktioun.
- J/ψ ass den Numm vun engem Meson.
- An der Mathematik bezeechent Ψ eng besonnesch Schaltfunktioun, Kuckt Psi-Operater
- An der Mathematik gëtt d'Symbol Ψ fir d'Dedekindsch Psi-Funktioun, déi Digammafunktioun (och Gaußsche Psi-Funktioun), souwéi déi zweet Tschebyschow-Funktioun gebraucht.
- an der Mathematik bezeechent Ψ och de Gëllene Wénkel, deen e Krees am Gëllene Schnëtt deelt.
- An der Geneetik steet Ψ fir e Pseudogen
- An der Hydrologie ass Ψ d'Zeeche fir den Offlossbäiwäert.
- An der Bauphysik steet ψ fir de längtebezunnene Duerchgankskoeffizient fir Hëtzt; Eenheet W/(mK)
- An der Planzephysiologie gëtt domat d'Waasserpotential bezeechent.
- An der Elektrotechnik ass ψ d'Formelzeeche vum Elektresche Floss.