Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Raumfär

Vu Wikipedia
Space Shuttle Columbia beim éischte Start (1981)

Eng Raumfär och Navette ass en Transportgefier fir d'Raumfaart, dat no enger Weltraummissioun wéi e Fliger um Äerbuedem lande kann an nees fir eng weider Missioun ze gebrauchen ass.

Raumfäre si well s'ëmmer erëm ze gebrauche sinn an am Fluch steierbar sinn, däitlech vu Raumschëffer mat Landekapselen (z. B. d'Kapsel vum Apollo-Programm oder d'Sojus-Landekapselen) z'ënnerscheeden. Raumschëffer mat Landekapsele fir d'Réckrees op d'Äerd kënnen nëmmen eemol agesat ginn a losse sech beim Duerchfléie vun der Atmosphär net gutt steieren.

Wärend déi éischt Raumfaartpionéier fir de Wee an de Weltraum Rakéite virgeschloen hunn, besonnesch den Hermann Oberth a sengem Buch Wege zur Raumschiffahrt (1929) , hat den éisträichesche Raumfaartpionéier Eugen Sänger Fligere mat Rakéitenundriff virgeschloen. Grondleeënd ass dat vum Sänger zesumme mat der Mathematikerin a Physikerin Irene Bredt, senger spéiderer Fra, an Däitschland entworfe Konzept Über einen Raketenantrieb für Fernbomber. Dee Virschlag vun engem transkontinentalen Amerika-Bomber hat zum Projet Silbervogel gefouert.

Kënschtleresch Duerstellung vum Dyna-Soar beim Neesantrëtt an d'Atmosphär

De Projet Dyna-Soar (Dynamic Soaring fir Dynamesche Gläitfluch) vun der US Air Force war 1957 ugelaf an hat als Zil, e Raumgläiter z'entwéckelen, dee souwuel als Opklärer a Bomber wéi och fir Rettungsaktiounen am All, Satellitterevisioun a Sabotage vu feindleche Satellitte benotzt kéint ginn. Deen och als X-20 bezeechenten, 10,77 Meter laangen a 6,34 Meter breede Fluchkierper sollt eine Besatzung vun engem Mann hunn. Als Drorakéit fir orbital Flich war eng Titan-III virgesinn.

Space Shuttle

[änneren | Quelltext änneren]
De Space Shuttle Atlantis am Orbit

Den US-amerikanesche Space Shuttle ass bis elo den eenzege Raumfärtyp, deen tatsächlech fir bemannt Missiounen am Weltraum agesat gouf. Et goufen zanter den 1970er Jore fënnef raumfluchtauglech Exemplare gebaut, déi et zesummen op 135 Starte bruecht haten. Zwee vun de fënnef Raumgefierer, d'Challenger an d'Columbia, sinn an den 30 Déngschtjoer accidentéiert.

Spiral-Eepos-Raumgleeder, Prototyp 105-11 fir Ënnerschall-Atmosphäreflich am Russesche Loftwaffe-Musée Monino

D'Mikojan-Gurewitsch MiG-105 „Spiral“ (Spëtznumm: Lapot Holzschung - wéinst senger Nueseform) gouf 1965 am Kader vum Spiral-Eepos-Programm vun der Sowjetunioun mat als Zil de Bau vun engem Raumgefier mat nees brauchbare Komponenten entwéckelt. Si war de Prototyp vun der Raumgfär (OS). Weider Komponente waren d'Hëllefsrakéit (RB) an den Iwwerschalldrofliger (GSR). Mat der Entwécklung vum Spiral-Eepos gouf 1975 schliisslech zu Gonschte vun der Entwécklung vun der Raumfär Buran opgehalen.

De BOR-4S

BOR war den Numm vun enger Rei vun Testfluchkierper, mat deenen Erfarunge fir d'Entwécklung vun der sowjetescher Raumfär Buran gesammelt sollte ginn. 1973 hat d'Russesch VPK e Weltraumprogramm fir d'Erfuersche vu Raumfären ugekënnegt. Zil vum BOR-Programm war d'Entwécklung vun Hëtztschëlter a vun de generellen aerodynamesche Strukture vun enger Raumfär. Mat de leschte véier vun deenen Testinstrumenter (Kosmos 1374, 1445, 1517 an 1614) goufen orbital Flich gemaach.

Raumfär Buran

[änneren | Quelltext änneren]
De Buran

Déi sowjetesch Raumfär Buran (russesch Буран fir Buran - Schnéistuerm) gouf 1976 akzeptéiert an zanter 1980 entwéckelt. Der Buran 1.01 gouf de 15. November 1988 vun enger Energija-Rakéit fir säin éischten an eenzege Fluch an den Orbit bruecht. Well de Buran keng Iwwerliewenssystemer hat, war de Fluch onbemannt. En hat ronn 3,5 Stonne gedauert.

Mat der zweeter sowjetescher Raumfär Ptichka („klenge Vull“) sollt vun 1991 un, de reguläre Fluchbetrib opgeholl ginn. Nom Zerfall vun der Sowjetunioun 1991 gouf de Projet awer ze deier. Mam russesche Raumfärprogramm gouf 1993 offiziell opgehalen.

Déi Europäesch Weltraumorganisatioun (ESA) hat mat der Raumfär Hermes en änlecht System geplangt, fir dat d'Ariane 5 als Drorakéit virgesi war. Anescht wéi beim sowjetesche Buran-System sollt d'Hermes net um Hatzebockel vun der Drorakéit, mä op der Spëtzt sëtzen. Mat där Konfiguratioun wier de ganzen Drosystem manner ufälleg gewiescht, well Deeler déi beim Start eventuell eroffléie kënnen déi baussenzeg Wand vum Shuttle net beschiedege kéinten, wéi dat bei der Columbia-Katastroph am Joer 2003 geschitt war. Wéinst den héije Käschte vun zirka sechs Milliarden Euro gouf d'Entwécklung 1992 gestoppt.

Déi japanesch Raumfaartagentur JAXA entwéckelt am Ament e Projet, d'Raumfär HOPE-X. Geplot vu finanzielle an technesche Problemer, ass bis elo awer nach keen Erfolleg ofzegesinn.

Den Eugen Sänger hat an den 1960er Joren e Raumgleeder konzipéiert, dee mam Numm Sänger II an de spéide 1980er weiderentwéckelt, awer net gebaut gouf.

Bei der ESA lafe Konzeptstudien an Avant-Projete fir en onbemannt Raumtransportsystem, den Hopper.

Déi russesch Weltraumagentur Roskosmos hat mam Kliper (jee no Iwwersetzung och Klipper oder Clipper) e Raumgleeder entwéckelt. Hie sollt 700 kg Notzlaascht a sechs Astronaute Plaz bidde kënnen. Den Éischtfluch war fur zirka 2012 geplangt. Et gouf och iwwer eng Kooperatioun mat der ESA diskutéiert. 2007 gouf mam Programm wéinst ze héije Käschte opgehalen.

De 24. Februar 2007 gouf an Italien de Prototyp vun der geplangter Raumfär Castore getest, e néng Meter laange, knapps véier Meter breede Fluchkierper mat engem Gewiicht vun 1250 kg. D'Fluchgefier gouf mat engem onbemannten Héichteballon op eng Héicht vu 25 km gezunn an ass vun do aus op de Buedem geflunn. Iwwer en ettlech Sensore gouf d'Verhale beim Antrëtt an d'Atmosphär gemooss, woubäi och d'Schallmauer duerchbrach gouf. De Castore war plangméisseg an d'Mëttelmier gefall a gouf uschléissend gebuergen. Fir d'Zukunft si weider wëssenschaftlech, perspektivesch awer och bemannt Flich virgesinn.

Modell vum Dream Chaser an Originalgréisst

Déi 2008 vun der Sierra Nevada Corporation iwwerhollen, privat finanzéiert Raumfaartentreprise SpaceDev entwéckelt am Kader vum Commercial Crew Development-Programm vun der NASA de Raumgleeder Dream Chaser. Den Dream Chaser baséiert um Konzept vun engem lifting body.

Kënschtleresch Duerstellung vum SpaceLiner 7 wärend der Opstigsphas

De SpaceLiner ass e Konzept fir e suborbitale, hyperschallschnelle, gefligelte Passagéiertransporter, dat zanter 2005 beim Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart (DLR) a Fuerschung ass.[1] Déi zweestufeg, vertikalstartend Konfiguratioun aus onbemanntem Booster a bemannter Passagéierstuf (Orbiter) ass fir 50 Passagéier konzipéiert an huet eelef Flëssegkeetsrakéitendreiffwierker (Booster 9, Orbiter 2), déi mat kryogenem Sauerstoff (LOX) a Waasserstoff (LH2) bedriwwe ginn. No Brennschluss vun den Dreifwierker kann d'Orbiterstuf am Gläitfluch grouss interkontinental Distanzen a kierzester Zäit zeréckleeën. Jee no Missioun kënnen dobäi Fluchhéichte vun 80 Kilometer a Mach-Zuele vun iwwer 20 erreecht ginn. Fluchzäite solle mam SpaceLiner op der Streck Australien-Europa nëmme 90 Minutten oder op der Streck Europa-Kalifornien net méi wéi 60 Minutten daueren.

thumb|De Skylon

Déi brittesch Konzeptstudie Skylon gesäit eng Raumfär vir, déi mat loftotmenden Dreifwierker horizontal start. An enger Héicht vu 26 km, wann an der ieweschter Atmosphärschicht de Sauerstoff net méi fir de Betrib duergeet, gëtt op een interne Sauerstofftank ëmgeschalt, deen d'Erreeche vun der Äerdëmlafbunn erméiglecht. D'Skylon soll eng Notzlaascht vun 12 t oder 24 Passagéier transportéiere kënnen.

Den däitschen Entwécklungsprojet SHEFEX Sharp Edge Flight Experiment, steet fir e Projet vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart (DLR) fir d'Entwécklung vun neien, méi bëllegen a méi séchere Konstruktiounsprinzipie fir Raumkapselen a Raumgefierer mat Neesantrëttsfäegkeet an d'Äerdatmosphär an hir Integratioun zu engem totale System. Den DLR huet dozou erkläert: Zil vun de Fuerschungsaarbechten ass e Raumgleeder, deen vun 2020 un, fir réckféierbar Experimenter ënner Schwéiereloosegkeet zur Dispositioun stoe soll.[2] De Raumgleederprojet huet den Numm REX-Free Flyer kritt.[3]

  • Klausdieter Kipke: Experimentelle Untersuchungen an Wellenreiter-Flügeln im Hyperschallbereich; Deutsche Forschungsanstalt für Luft- und Raumfahrt (DFL) Juni 1968
  • Peter Adamek, Fritz Mysliwetz: Aerodynamische Erwärmung im Hyperschallbereich und Flugeigenschaften von Raumflugkörpern – Teil I; Junkers Flugzeug- und Motorenwerke GmbH; München 1969
  • Fritz Mysliwetz, H. Przibilla: Aerodynamische Erwärmung im Hyperschallbereich und Flugeigenschaften von Raumkörpern - Teil II: Flugeigenschaften von Raumflugkörpern im niedrigen Unterschallbereich und im Hyperschallbereich; Junkers Flugzeug- und Motorenwerke GmbH; München 30. Abrëll 1969

Portal Astronomie

Commons: Bemannt Räumfären – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. M. Sippel, J. Klevanski, J. Steelant: Comparative study on options for high-speed intercontinental passenger transports: air-breathing- vs. rocket-propelled. IAC-05-D2.4.09, October 2005.
  2. Archive copy Archivéiert de(n) 2014-03-14. Gekuckt de(n) 2014-07-12.
  3. Seite des Institut für Bauweisen- und Konstruktionsforschung der DLR über das Projekt REX-Free Flyer, ofgeruff den 28. Juni 2012