Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Sculptor-Galaxie

Vu Wikipedia
D'Spiralgalaxie NGC 253: d'Sculptor-Galaxie

D'Sculptor-Galaxie oder Sëlwerdollar-Galaxie (och NGC 253 genannt) ass eng hell Spiralgalaxie vum Hubble-Typ Sc am Stärebild Sculptor. Den NGC 253 huet eng Wénkelausdeenung vun 26,4' × 6,0' an eng visuell Magnitude vu +7,2 mag an ass domat nom Centaurus A an dem Messier 81 déi drëtthellste Galaxie baussent der Lokaler Grupp. D'Galaxie gouf vun der Caroline Herschel am Joer 1783 entdeckt.

D'Sculptor-Galaxie ass den hellste Member vun der Sculptor-Galaxiëgrupp, zu där och d'Galaxien NGC 55, NGC 247, NGC 300 an NGC 7793 gehéieren, an déi en Ofstand vu ronn 10 Millioune Liichtjoer hunn.

Koordinaten (Equinoxe: J2000.0)

Portal Astronomie

Commons: NGC 253 – Biller, Videoen oder Audiodateien