The Undertaker
The Undertaker | |
---|---|
Gebuer |
24. Mäerz 1965 Houston |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Catcher |
Gréisst | 208 cm |
Gewiicht | 150 kg |
Partei | Republican Party |
De Mark William Calaway, gebuer de 24. Mäerz 1965 zu Houston, am Texas, besser bekannt ënnert sengem Wrestlernumm The Undertaker, ass en US-amerikanesche Catcher.
Hie steet zanter 1990 bei der amerikanescher Wrestlingliga WWE ënner Kontrakt.
Carrière
[änneren | Quelltext änneren]Virun der WWE
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1989 bis 1990 war de Calaway bekannt als Mean Mark Callous, a stoung bei der World Championship Wrestling ënner Kontrakt. Am Mäerz 1990 stoung heen kurz als Punisher Dice Morgan bei NJPW am Ring, ier hie bei d'World Wrestling Federation gewiesselt ass.
WWF/WWE
[änneren | Quelltext änneren]An der WWF entstoung dunn de Gimmick The Undertaker, en Doudegriewer.
De Gimmick gouf dei éischt Kéier bei der WWF Pay-per-view Survivor Series am November 1990 virgestallt.
De Calaway hält de Rekord fir dei meescht Victoiren hannereneen an der Geschicht vu Wrestlemania, nämlech 21.
Am Abrëll 2014 koum déi Serie op en Enn, wei hie bei Wrestlemania XXX géint de Brock Lesnar verluer huet.
Titelen
[änneren | Quelltext änneren]- United States Wrestling Association
- Unified World Heavyweight Championship (1×)
- World Class Wrestling Association
- WCWA Texas Heavyweight Championship (1×)
- World Wrestling Entertainment
- WWE Championship (4×)
- World Heavyweight Championship (3×)
- World Tag Team Championship (2× mat The Big Show, 2× mat Kane, 1× mat Steve Austin, 1× mat The Rock)
- WCW World Tag Team Championship (1× mat Kane)
- WWF Hardcore Championship (1×)
- Royal Rumble (2007)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: The Undertaker – Biller, Videoen oder Audiodateien |