Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Wordle

Vu Wikipedia

Wordle ass en online Spill ëm Wierder, dat[Wéini ?] vum vum Waliser Softwareingenieur Josh Wardle, erfonnt an entwéckelt gouf.

D'Spiller hu sechs Versich fir e Wuert vu fënnef Buschtawen ze roden. Bei all Versuch kritt een e Feedback a Form vu Faarwen, déi uginn, ob déi Buchstawen am Wuert virkommen an/oder op der richteger Plaz stinn.

Wordle huet eng deeglech Aufgab bei där all Spiller probéiert dat selwecht Wuert ze roden. Am Joer 2023 gouf Wordle 4,8 Milliardemol gespillt.[Source?]