Zoufftgen
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei vu Zoufftgen | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Postcode | 57330 | ||||
Gemengecode | 57764 | ||||
Koordinaten | 49° 27’ 47’’ N 06° 08’ 01’’ O | ||||
Fläch | 1.670 ha | ||||
Bevëlkerung | 684 (2007) |
Zoufftgen ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est am Departement Moselle.
An der Uertschaft, déi zum Arrondissement Thionville, am Kanton Yutz gehéiert, an déi eng Fläch vu 16,7 km² huet, liewe 684 Awunner (Stand 2007).
D'Uertschaft gehéiert zanter dem Grenzvertrag vum 16. Mee 1769 tëscht dem Kinnek vu Frankräich an der Maria Theresia vun Éisträich, mat Ënnerbriechung vun 1871 bis 1918 (Reichsland Elsass-Loutrengen), zu Frankräich.
Zoufftgen ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementstrooss D56, an ee Wee deen op d'lëtzebuergesch Grenz féiert, wou en iwwer den CR160 Uschloss un dat lëtzebuergescht Stroossennetz huet.
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]D'Awunner ginn op Franséisch "Zoufftgenois" genannt.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Zoufftgen grenzt am Norden un Diddeleng. Nërdlech an ëstlech vum Gemengenterritoire leie Bëscher.
Nopeschuertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Dodenom (Duedenuewen) am Osten
- Roussy-le-Village (Rëttgen) am Osten
- Boust am Südosten
- Kanfen am Süden
- Diddeleng (Lëtzebuerg) am Nordwesten
Ongléck
[änneren | Quelltext änneren]Den 11. Oktober 2006 sinn zu Zoufftgen, genee op der Grenz mat Lëtzebuerg, e Voyageurs- an e Marchandisenzuch frontal aneneegerannt. Sechs Leit sinn dobäi gestuerwen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuchaccident zu Zoufftgen.
Bekannt Leit
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zoufftgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |