Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

ass

Vu Wiktionnaire
Kuckt och : Ass

Konjugéiert Form

Bedeitung:

[1] Drëtt Persoun an der Eenzuel vum Verb sinn.

Bsp:

[1] D'Fra ass krank.
[1] Russland ass dat gréisste Land vun der Welt mat enger Fläch vu 17098242km².
[1] Hessen ass e Bundesland am Weste vun der Bundesrepublik Däitschland.
[1] Benelux ass eng wirtschaftspolitesch Associatioun vun der Belsch, Lëtzebuerg an Holland.
[1] Finnland ass eng Republik an Nordeuropa.
[1] Den Oman ass e Sultanat am Südoste vun der Arabescher Hallefinsel.
[1] Jamaika ass déi drëttgréisst Insel vun de groussen Antillen.
[1] Chamber ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung fir dat lëtzebuergescht Parlament.
[1] D'Europäesch Unioun ass eng Vereenegung vu 27 europäesche Staate mat enger totaler Awunnerzuel vu 485 Millioune Mënschen.
[1] D'Sonn ass de Stär am Zentrum vun eisem Planéitesystem, dat mer Sonnesystem nennen.
[1] Mëllech ass eng wäisselzeg Flëssegkeet, déi an de Mëllechdrüse vu weibleche Mamendéiere produzéiert gëtt, fir hiren Nowuess ze nieren
[1] Griicheland ass, mat engem duerchschnëttleche Konsum vu 27,3 kg pro Awunner, de weltgréissten Konsument vu Kéis.
[1] Trotz senge gudden Diplomer ass en zanter méi wéi engem Joer aarbechtslos.
Bei ass handelt et sech ëm eng Flexioun vum Verb „sinn“. All weider Informatiounen iwwer dat Wuert fannt Dir op der Säit sinn.

Englesch

Substantiv

Bedeitung:

[1] Iesel