Airbus
Airbus ass eng Duechtergesellschaft vun der EADS an de gréissten europäesche Fligerhiersteller. Nieft der amerikanescher Firma Boeing gehéiert si weltwäit zu de gréisste Fligerhiersteller. Airbus, déi hire Sëtz zu Toulouse a Frankräich hunn, beschäftegt aktuell ëm 57.000 Mataarbechter a Spuenien, England, Däitschland an a Frankräich.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]Airbus gouf en 18. Dezember 1970 mat der Fusioun vun der franséischer Firma Aérospatiale an der Firma Deutsche Airbus gegrënnt. Nodeem déi däitsch Fligerhiersteller MBB (Fusioun tëscht Messerschmitt, Bölkow an HFB), Dornier an Fokker-Vereinigte Flugtechnische Werke (Fokker-VFW) agesinn hunn datt si eleng net géint Boeing a McDonnell Douglas kéinten ukommen, hu si sech zu engem Konsortium, der Deutsche Airbus, zesumme geschloss. A Frankräich hunn d'Fligerhiersteller Sud-Aviation, Nord-Aviation a SEREB zu Aérospatiale fusionéiert. 1971 koum déi spuenesch Firma CASA an 1979 d'British Aerospace derbäi.
Wichteg Fligere vun Airbus
[änneren | Quelltext änneren]- Den 28. Oktober 1972 flitt fir déi éischt Kéier een Airbus A300.
- 1982: éischte Fluch vum Airbus A310
- 1988: éischte Fluch vum Airbus A320, aktuell dee Fliger deen am meeschte gebaut gouf
- 1992: déi éischt Groussraumfligere vun Airbus, den Airbus A330 an den Airbus A340 lafe vum Band
- De 27. Abrëll 2005 huet den Airbus A380, dee gréisste Fliger vun der Welt, säi Jungfernfluch.
Airbus-Fligeren
[änneren | Quelltext änneren]Zivil Fligeren
[änneren | Quelltext änneren]Modell | Bestellungen | Ausliwwerungen | Am Déngscht | Éischt Ausliwwerung | Produktiounsenn |
---|---|---|---|---|---|
Airbus A300 | 561 | 561 | 404 | Mee 1974 | Juli 2007 |
Airbus A310 | 255 | 255 | 214 | Dezember 1985 | Juli 2007 |
Airbus A318 | 83 | 68 | 67 | Oktober 2003 | - |
Airbus A319 | 1.528 | 1.185 | 1.184 | Abrëll 1996 | - |
Airbus A320 | 3.989 | 2.149 | 2.099 | Mäerz 1988 | - |
Airbus A321 | 768 | 529 | 528 | Januar 1994 | - |
Airbus A330 | 1.022 | 625 | 621 | Dezember 1993 | - |
Airbus A340 | 384 | 366 | 361 | Januar 1993 | - |
Airbus A350 | 493 | 0 | 0 | ab 2013 | - |
Airbus A380 | 200 | 16 | 16 | Oktober 2007 | - |
Total | 9.283 | 5.754 | 5.494 |
Militärfligeren
[änneren | Quelltext änneren]Modell | Bestellungen | Ausliwwerungen | Am Déngscht | Éischt Ausliwwerung | Produktiounsenn |
---|---|---|---|---|---|
Airbus A310-300 MRT/MRTT | 7 | 7 | 7 | an de spéiden 1990er | |
Airbus A330-200 FSTA | 21 | 0 | 0 | gëtt entwéckelt | |
Airbus A400M | 192 | 0 | 0 | 2011 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Airbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |