Messier 40
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Ursa Major (UMa) | ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 12h22m24s / 12h22m19s | ||||
Deklinatioun | +58°05′0″ / +58°05′10″ | ||||
Ausgesinn | |||||
Visuell Magnitude | 9,7 / 10,1 magm | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Mass | 1,1 / 1,2M☉ | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | 1764 | ||||
Entdeckungsdatum | 1764 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 40 |
De Messier 40 oder och Winnecke 4 (kuerz: WNC 4) ass en Duebelstär am Ursa Major, deen aus engem Stär mat der Hellegkeet +9,7 mag an engem Stär vun der Hellegkeet +10,1 mag besteet. Hie gouf vum Charles Messier 1764 entdeckt, awer fälschlecherweis fir en Niwwelfleck gehalen a krut sou d'Bezeechnung M40.
De Wénkelofstand tëschent béide Stären ass ronn 50 Bousekonneen, woubäi dee manner hellen an engem Positiounswénkel vun 83 Grad zu deem méi helle steet. De Winnecke 4 ass ee vu nëmme siwen Objeten am Winnecke-Katalog.
Eegenheeten
Bis haut sinn all Versich, d'Bewegungs- an d'Distanzdaten genee ze bestëmmen, net gelongen; d'Distanz gëtt op 170 ± 70 pc geschat. Déi gravitativ Koppelung ass dohigestallt. Et kéinten demmno och zwéin onofhängeg, ënnerschiddlech wäit Stäre sinn. Eng sougenannt Period misst op d'mannst 232.000 Joer daueren an den Ofstand misst op mannst 5000 Lj. sinn. Sou Wäerter si fir eng Koppelung awer zimlech onwahrscheinlech.