Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

Tribunal de paix (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Versioun vum 18:21, 6. Dez. 2024 vum Mobby 12 (Diskussioun | Kontributiounen) (k).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Tribunal de paix
D'Gebai vum Friddensgeriicht mam Friddenstribunal an der Cité judiciaire an der Stad
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/justices-paix/tribunal-paix.html

De Friddenstribunal ((fr) Tribunal de paix) ass ee vun den Tribunaler vun all Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg. En ass fir zivil a kommerziell Affären, Affäre vu Bailen a Saisie-arrêten zoustänneg.

E Recours géint en Urteel vum Friddenstribunal gëtt virun der Cour d'appel vum Ieweschte Geriichtshaff verhandelt.

De Friddenstribunal ass fir zivil- an handelsrechtlech Affäre mat engem Sträitwäert vun ënnert 15.000 Euro zoustänneg.

Ausnamen zur allgemenger Reegel sinn:

  • och wann de Wäert méi héich wéi 15.000 Euro ass, ass den Tribunal zoustänneg an Affäre vu Bailen a vu Saisi-arrêten op de Paien, Pensiounen a Renten;
  • a verschiddene Fäll ass de Friddenstribunal net zoustänneg, och wann de Sträitwäert ënnert de 15.000 Euro läit. Dozou zielen ë. a. Ufroe fir Scheedungen, Affären déi d'Filiatioun betreffen, Demande fir Adoptiounen, Demande fir eng Faillite an Affären déi doraus entstinn.

Territorial Kompetenz

[änneren | Quelltext änneren]

Déi geographesch Kompetenz vum Friddenstribunal ass vum Gesetz festgeluecht[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg).

Uruffe vum Geriicht

[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei, déi wëlles huet eng Affär virun de Friddenstribunal ze bréngen, muss d'Prozedur anhalen, déi fir déi verschidde Fäll vum Gesetz virgesinn ass, soss gëtt d'Demande verworf.

Prinzipiell ginn d'Affären an zivillen a kommerziellen Dossieren virum Friddensgeriicht mat enger sougenannter Citatioun vun engem Dierwiechter agereecht. Verschidde Fäll (Bail, Saisi-arrêt) kënnen awer och vum Demandeur iwwer eng Requête bei der Geriichtsschreiwerei vum Friddenstribunal dat territorial zoustänneg ass, agereecht ginn.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.