Edmond Lux
Edmond Lux | |
---|---|
Gebuertsnumm | Edmund Lux |
Gebuer |
18. Juni 1916 Ierpeldeng |
Gestuerwen |
21. September 2004 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Grafiker |
Den Edmond Lux, gebuer den 18. Juni 1916 zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, a gestuerwen den 21. September 2004 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergeschen Zeecheprofesser a Moler, Sculpteur a Grafiker.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Edmond Lux gouf als eelste Jong vum Schräinermeeschter Pierre Lux zu Ierpeldeng gebuer an huet bis zu sengem Doud a sengem Heemechtsduerf gelieft a geschafft.
No senger Première am Dikrecher Kolléisch 1935 huet hien op der Technischen Hochschule zu München, op der Académie royale des beaux-arts zu Antwerpen a duerno op der École nationale supérieure des arts décoratifs an op der École Estienne zu Paräis Konscht studéiert.
Seng éischt Plaz krut den Edmond Lux 1939 an der Stater Industrieschoul an ass, nodeems hien am Februar 1941 de Proffenexamen bestanen hat, am Kolléisch ugestallt ginn. Well hien awer net linientreu war, gouf hie wéinst senger nazifeindlecher Haltung op Oochen an de Kaiser-Karls-Gymnasium „strofversat“. Seng offiziell Ernennung als Konschtprofesser am Kolléisch war eréischt 1945, se gouf awer réckwierkend op de Mäerz 1943 datéiert. Kuerz drop koum an den Dikrecher Kolléisch, wou hie bis zu senger Pensioun 1981 Éducation artistique et esthétique enseignéiert huet.
Den Edmond Lux war mat der Charlotte Gruber vun Ettelbréck bestuet; d'Koppel hat 2 Kanner[1].
Seng Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1964: Monument aux Morts um Ierpeldenger Kierfecht als Erënnerung un d'Refractairen an d'Zivilaffer aus der Gemeng.
- 1972: Klëppelkrichmonument beim Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg.
- 1974: Tak mam Schetzel, Schetzel-Grott am Gréngewald.
- 1985: Mariefigur aus Bronze. Vun der Mrs O’Connell-Reiff vu Chicago op Wonsch vun hirer Mamm gestëft. D'Madame Reiff gouf 1865 zu Ierpeldeng gebuer an ass méi spéit an Amerika ausgewandert.
- 1986: D'Morgue um Ierpeldenger Kierfecht.
- 1991: D'„Blot Kräiz“ mam Sonnegesank vum Hl. Franz vun Assisi.
- 1995: Denkmal am Park vum Ierpeldenger Glasschlass, zu Éiere vun der Grande-Duchesse Charlotte.
- 1997: Monument aus Steen a Bronze, zu Éiere vum Paschtouer Alphonse Lutgen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Association des Professeurs d'Éducation Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur (APEA): Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistique au Luxembourg, Luxembourg 1987, Imprimerie Saint-Paul
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Aus eiser Geschicht - 100 Joer Edmond Lux (1916-2016) an: D'Klack 2/2016. erpeldange.lu (2016) Archivéiert de(n) 2019-08-28. Gekuckt de(n) 29/09/2019.