Location via proxy:   [ UP ]  
[Report a bug]   [Manage cookies]                
Op den Inhalt sprangen

INES-Skala

Vu Wikipedia

D'INES-Skala (International Nuclear Event Scale) ass eng Skala, mat där Tëschefäll an Atomzentralen, haaptsächlech Kraaftwierker, bewäert ginn. D'Skala geet vun 0 bis 7.

All Tëschefall, deen an enger Atomzentral zustan kënnt, gëtt mat dëser Skala bewäert. Dobäi gëtt et zwéi wichteg Krittären: D'Defizienz vun der Sécherheet vun der Atomzentral an d'Auswierkung vun der Radioaktivitéit (bannen a baussent der Zentral).

Bis haut goufen 2 Onglécker, dat vun Tschernobyl am Joer 1986 an dat vu Fukushima am Joer 2011, als Tëschefäll vum Niveau 7 aklasséiert.

Stuf Bezeechnung Auswierkungen
0 / Keng sécherheetstechnesch Bedeitung
1 Stéierung Ofwäichung vum normale Betrib am der Atomzentral
2 Stéierfall Liicht Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral
3 eeschte Stéierfall * minimal Fräisetzung vu Radioaktivitéit
  • gesondheetlech Schied beim Personal
  • Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral
4 liichten Accident * Reakterschued
5 eeschten Accident * schwéiere Reakterschued
  • Begrenzt radioaktiv Fräisetzung
6 schwéieren Accident * héich radioaktiv Fräisetzung
7 katastrophalen Accident * direkte Kontakt vun der Radioaktivitéit mat der Bevëlkerung
  • Schwéier gesondheetlech Follgen an engem Ëmkrees vu bis zu 100 km iwwer länger Zäit
  • Gebitt bleift fir laang Zäit onbewunnbar